
No der 2:1-Optaktvictoire géint Bulgarien gouf et du fir d'Rout Léiwen an der Nations-League-Gruppephas véier Defaiten hannerteneen. Deemno louchen d'Lëtzebuerger virum leschte Spilldag mat just dräi Punkten um Kont op der leschter Plaz am Grupp 4 vun der Liga C. Allerdéngs konnten d'Männer vum Trainer Jeff Strasser mat enger Victoire géint Island an engem gläichzäitege Punkteverloscht vu Bulgarien géint Estland nach déi lescht Plaz verloossen. Eng einfach Aufgab sollt dat allerdéngs net ginn. Island stoung mat eelef Punkten ongeschloen un der Tabellespëtzt an hat eréischt e Freideg mat enger 5:0-Victoire géint Bulgarien seng gutt Form ënner Beweis gestallt. Och den Allersmatch géint Lëtzebuerg haten d'Islänner mat 3:0 gewonnen. Wärend d'Rout Léiwen also op e positiven Ofschloss vun hirer Campagne gehofft hunn, wollt Island mat enger weiderer Victoire déi éischte Plaz an der Grupp definitiv fir sech sécheren.
Dëst sollt den Islänner um Enn och geléngen. No enger iwwerleeëner Leeschtung huet sech Island mat 3:0 géint Lëtzebuerg duerchgesat an domadder de Grupp gewonnen. D'Rout Léiwe konnten dogéint och am leschte Match vun der Gruppephas net iwwerzeegen a schléissen hir Nations-League-Campagne no fënnef Defaiten hannertenee mat just dräi Punkten op der leschter Plaz of.
1:0 Willumsson (25'), 2:0 Gudjohnsen (37', Eelefmeter), 3:0 Ellertsson (50')
Bei äisegen Temperaturen sinn d'Islänner doheem am eegene Stadion mat voller Vitess gestart an hu vun Ufank un Drock op d'Lëtzebuerger Defense ausgeüübt. Esou sinn d'Männer aus dem héijen Norden och ganz séier zu enge sëllegen Occasioune komm. An der 4. Minutt hat den Oskarsson vill Plaz a konnt op den zweete Potto flanken, wou de Willumsson de Ball mat engem Volleyschoss geholl huet. De Moris konnt de Ball allerdéngs entschäerfen. Nëmmen dräi Minutten drop stoung de Moris nees am Fokus. Dës Kéier sollt de Lëtzebuerger Golkipp e Schoss vum Ellertsson paréieren. Den zweete Ball vum Haraldsson sollt du säin Zil awer däitlech verfeelen. D'Islänner sollten an der Ufanksphas awer nach eng drëtt gutt Occasioun verbuche kënnen, allerdéngs konnt de Moris säi Gol an der 9. Minutt no engem direkte Fräistouss vum Haraldsson propper halen. Doropshin hunn d'Islänner net méi grad esou vill Drock gemaach, soudatt d'Rout Léiwen, déi bis dohi ferm ze kämpfen haten, sech e bëssen erkréien souwéi an de Match fanne konnten. Mä d'Islänner sollte vun der 20. Minutt un nees eng weider Ugrëffswell lancéieren.
Esou huet den Haraldsson an der 21. Minutt dovu profitéiert, datt dem Lëtzebuerger Defensivspiller Selimovic de Ball versprongen ass, soudatt dësen aus der Distanz ofgezunn, mä op en Néits de Kierzere géint de Moris gezunn huet. De Moris huet seng Ekipp bis dohinner am Match gehalen an awer konnt de Golkipp an der 25. Minutt den 0:1-Réckstand fir d'Lëtzebuerger net verhënneren. Den Oskarsson huet sech aus gutt 20 Meter en Häerz gefaasst an de Ball widder d'Lat gehummert. Vun dëser sollt de Ball zréck op den Terrain fléien, wou den Willumsson am séierste reagéiert an de Ball du mam Kapp iwwert d'Linn bugséiert huet. D'Lëtzebuerger hunn nees veronséchert gewierkt an haten an der 27. Minutt Chance, datt de Potto bei engem weideren islänneschen Ugrëff Schlëmmeres verhënnert huet. D'Islänner waren doropshin omnipresent an hunn de Lëtzebuerger kee Raum zum Ootme gelooss an hu sech Chance ëm Chance kreéiert, esou wéi an der 34. Minutt, wou den Oskarsson no enger schéiner Passkombinatioun zum Ofschloss komm ass. Den 2:0 louch an der Loft a wou den Arbitter an der 36. Minutt no engem Handspill vum Bohnert op de Punkt gewisen huet, sollt den 2:0 och ëmmer méi konkret ginn. De Gudjohnsen hat dunn an der 37. Minutt keng Problemer, fir de fällegen Eelefmeter am Gol ënnerzebréngen. Island huet doropshi wuel nach weider gedréckt, mä en drëtte Gol sollt virum Téi net méi falen. Deemno sinn d'Islänner mat enger 2:0-Avance an d'Kabinne gaangen, an engem Match, an deem d'Lëtzebuerger veronséchert gewierkt souwéi am Stuerm more Kascht opgedëscht hunn.
Nom Téi huet et net laang gedauert, ier datt Island de Sack endgülteg zougemaach huet. An der 50. Minutt ass den Oskarsson virum Strofraum un de Ball komm, ass an dëse ragezunn, huet sech géint de Laurent Jans behaapt an de Ball an d'Mëtt rageflankt, wou den Ellertsson am Réckraum gelauert an de Ball per satem Schoss direkt geholl huet. De Moris am Lëtzebuerger Gol konnt dem Ball just nach nokucken, wéi dësen hannert him am Netz aschloe sollt. Den Deckel war um Match an dëst huet een och gemierkt. D'Islänner hu sech doropshin e bëssen zréckgezunn an hunn de Lëtzebuerger de Ball iwwerlooss, déi mat dësem awer och net all ze vill unzefänke wossten. E puer séier Virstéiss iwwert den Dos Santos oder den Thill konnte vun der islännescher Defense ouni gréisser Problemer ofgewiert a propper gekläert ginn, wougéint d'Islänner selwer e puer séier Konteren a Richtung Lëtzebuerger Gol lancéiert hunn, déi awer och näischt méi abrénge sollten. Dëst loung awer och um Lëtzebuerger Golkipp, dee Schoss ëm Schoss vun den Islänner paréiere konnt an e gudde Match gemaach huet.
Vun der 70. Minutt un, hunn d'Lëtzebuerger sech e bësse méi an der islännescher Hallschent festgebass a sech esou e puer Chancë kreéiert. Esou huet den Thill an der 73. Minutt en ofgefälschte Schoss a Richtung Valdimarsson lassgelooss, deen dësen op Käschte vun engem Corner deviéiere konnt. Och de Kadamani huet et an der Schlussphas nach zwee Mol probéiert, mat séiere Virstéiss fir Gefor virum islännesche Gol ze suergen. Allerdéngs konnt d'Defense vun den Haushären dës Aktiounen ouni gréisser Problemer entschäerfen, soudatt d'Rout Léiwen och an de leschte Minutten net méi zu enger richteger Golchance komm sinn. An der 87. Minutt sinn d'Islänner dunn nach eng Kéier duerch e Fräistouss geféierlech ginn, deen de Lëtzebuerger Gol awer just ëm e puer Zentimeter verfeelt huet. Um Enn ass et bei enger klorer 3:0-Victoire fir Island bliwwen, déi iwwert déi ganz 90 Minutten déi besser Ekipp waren a sech déi dräi Punkte verdéngt geséchert hunn.
Domadder schléissen d'Islänner d'Gruppephas mat 14 Punkten op der éischter Plaz of a klammen an d'Liga B op. D'Rout Léiwe verléieren dogéint hire fënnefte Match hannerteneen a mussen sech mat dräi Punkten an der leschter Plaz am Grupp 4 vun der Liga C zefridde ginn. Am anere Gruppematch huet Estland mat 2:1 géint Bulgarien gewonnen a séchert sech domadder mat 12 Punkten déi zweet Plaz. Bulgarien gëtt mat véier Punkten Drëtten.
1:0 Kristal (8'),1:1 Kovachev (45'+1), 2:1 Palumets (60')
Estland huet sech am leschte Match vun der Nations-League-Gruppephas mat 2:1 géint Bulgarien duerchgesat. D'Haushäre sinn duerch de Kristal schonn an der 8. Minutt a Féierung gaangen, mä kuerz virun der Paus konnt de Kovachev fir Bulgarien ausgläichen. Nom Säitewiessel huet de Palumets an der 60. Minutt no enger Virlag vum Poom per Kapp den 2:1 markéiert an domadder fir d'Decisioun gesuergt. Estland schléisst d'Gruppephas domadder mat zwielef Punkten op der zweeter Plaz of, wärend Bulgarien mat véier Punkten Drëtte gëtt.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.