Éischt Residence ass prettDéi éischt Awunner plënneren op d'Roud Lëns

Christophe Hochard
Mëtt 2024 gouf ugefaange mat bauen, elo sinn déi éischt Residenze prett fir d'Awunner. Zu Esch entsteet e fuschneie Quartier.

Zanter e Méindeg an iwwert déi nächst zwou Woche plënneren d'Awunner an déi éischt 47 Appartementer an der Residence "Liicht" op der Rouder Lëns. Déi éischt fënnef nei Proprietäre sinn elo op der fréierer Friche vun der ARBED zu Esch. A noer Zukunft wäerten hei déi éischt 100 nei Awunner en neit Doheem fannen.

Wunnt een op den ieweschte Stäck vun der Residence "Liicht" huet een e fräie Bléck op d'Héichiewe vum Belval. Tëscht dem Quartier Rout Lëns an dem Belval gëtt et eng gréng Sträif. Si leit op franséischem Territoire a wäert och als Zone verte klasséiert bleiwen.

Eng 340 Wunnenge gi spéider vun der Escher Gemeng gereiert. Dëst wäerten abordabel Logementer ginn. Déi éischt 43 abordabel Wunnenge sinn am Mäerz d’nächst Joer prett.

Wärend déi éischt Leit op de Site plënneren, gëtt awer och weider gebaut. A ronn 10 Joer soll de ganze Site fäerdeg gebaut sinn. 3000 Leit wäerte spéider op dësem 11 Hektar grousse Site wunnen.

Déi éischt Awunner plënneren op d'Roud Lëns
Mëtt 2024 gouf ugefaange mat bauen, elo sinn déi éischt Residenze prett fir d'Awunner. Zu Esch entsteet e fuschneie Quartier. 

Back to Top
CIM LOGO