Warnung fir en DënschdegWandvitesse bis zu 85 km/h méiglech

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg soll et dee ganzen Dag méi lëfteg ginn, zäitweis kéint et och méi staark reenen.

MeteoLux huet fir en Dënschdeg eng Wandwarnung fir dee ganzen Dag an dat ganzt Land erausginn. Deemno wieren tëscht 6 an 23:59 Auer Wandvitessen tëscht 65 a lokal 85 Stonnekilometer z'erwaarden.

Moies fänkt den Dag mat Wolleken a vill Wand un, zäitweis kéint och méi staarke Reen erofkommen. Am Nomëtteg soll dee Reen dann nees e bëssen noloossen, éier owes méi moderat Schaueren z'erwaarde sinn.

D'Temperature kënnen dobäi tëscht 6 a maximal 13 Grad leien.

© MeteoLux

Back to Top
CIM LOGO