War fir 2022 geplangtSüdspidol zu Esch net virun 2034

Christophe Hochard
Bis et esou wäit ass, sollen déi aktuell Strukturen ausgebaut ginn.

RTL Informatiounen no wäert d'Südspidol net viru Mëtt vum nächste Joerzéngt operationell sinn. Riets geet elo vu fréistens 2034. Bis dohinner missten awer Upassungen un den aktuellen Infrastrukturen duerchgefouert ginn. Betraff wär d'Nidderkuerer Spidol, wat och zum CHEM gehéiert. Et géife Pläng um Dësch leie fir dëst Spidol, wat um Déifferdenger Terrain steet, bis zur Realisatioun vum Südspidol unzepassen respektiv auszebauen. 

2015 gouf de Projet Südspidol presentéiert. 2022 sollt et opgoen.

Back to Top
CIM LOGO