Nach eng TrennungDen Neveu vun der Queen, David Armstrong-Jones, gëtt gescheet

RTL Lëtzebuerg
Et schéngt en neien Trend um brittesche Kinnekshaff ze ginn: Scheedungen. Elo huet den Neveu vun der Queen d'Trennung vu senger Fra annoncéiert.
© AFP

Den David Armstrong-Jones, Neveu vun der Queen Elizabeth II. a Jong vun der 2002 verstuerwener Prinzessin Margaret, a seng Fra Serena loosse sech scheeden. De Grof an d’Gräfin vu Snowden hätten no 26 Joer en commun accord decidéiert, datt hiert Bestietnes eriwwer wier, sou e Porte-parole vun der Koppel.

D’Jo-Wuert hu si sech am Oktober 1993 ginn. Zesummen hu si 2 Kanner vun haut 20 a 17 Joer.

RTL NEWS: Den eelste Queen-Enkel gëtt no 12 Joer Bestietnes gescheet

Back to Top
CIM LOGO