Ganz no der Traditioun vum Bretzelssonndeg, deen dëst Joer den 31. Mäerz zelebréiert gëtt, mussen d’Männer hirer Auserwielten eng Bretzel offréieren. 3 Woche méi spéit, op Ouschtersonndeg, dierf d’Fra sech mat engem Schockelasouschteree revanchéieren.
RTL NEWS: Wie kritt se dann elo, d’Bretzel?Och de Stater Collège des Bourgmestres et Echevins huet sech iwwer e puer Bretzele gefreet.

Och wann et bis Bretzelssonndeg nach e puer Deeg sinn, huet d’Fédération de Patrons Boulangers-Pâtissiers e Mëttwoch, 27. Mäerz, hir Bretzel scho verschenkt. Fir si ass et als flotte Geste geduecht, deen dës al Traditioun an de Beruff vum Boulanger-Pâtissier nees en Valeur setze soll.