Dëst Joer ware wéi gewinnt d'Häre gefuerdert, wa si Ouschteren en Ee geschenkt kréie wëllen ...

Eemol d'Joer spillt d'Bretzel hei am Land eng grouss Roll: Um Sonndeg op Halleffaaschten ass den traditionelle Bretzelssonndeg.

Dat heescht: D'Männer uechtert d'Land pilgeren an d'Bäckereien, fir hir Damme mat deem séisse Gebäck ze beschenken. D'Fra revanchéiert sech dofir op Ouschtersonndeg mat engem Schockelasouschteree. Nëmmen an engem Schaltjoer ass et ëmgedréint: Da kritt de Mann d'Bretzel an d'Fra kritt d'Ouschteree!

Bis Mëtt vum 20. Joerhonnert war de Brauch vrun allem an den Dierfer bei der Musel a Sauer verbreet, wou een amplaz Bretzel gären och Bratzel seet, gëtt mëttlerweil awer iwwerall am Land ugewannt.

Ma wëssen d'Leit dann och wat déi Traditioun bedeit? A wat schneeken se léiwer: d'Bretzel oder d'Schockelasee? RTL huet nogefrot!

Bretzel oder Ouschteree? A wat stellt d'Bretzel duer?
Mir hunn nogefrot ...