
Wéi et vum Haff heescht, huet sech d’Grande-Duchesse Maria Teresa viru Kuerzem enger geplangter Operatioun ënnerzunn, déi gutt verlaf wier. Als Deel vun der Reha muss si elo eng Zäit laang Krätsche benotzen, wéi et weider heescht.
Allerdéngs hunn d’Krätschen d’Grande-Duchesse en Dënschdeg net dovunner ofgehalen, zesumme mam Grand-Duc d’Kanner ze begréissen, déi bei se liichte komm sinn.
Weider Detailer zur Operatioun sinn net bekannt.