Et ass eng Traditioun, déi vu grouss a kleng gelieft gëtt: D’Kanner gi mam selwer gebastelte Lampion duerch d’Stroossen, ginn un d’Dier schellen, an den Erwuessene begréisst si mat engem Plateau Séissegkeeten. Do kënne si sech zerwéieren a musse just dofir sangen.
De “Léiwen Herrgottsblieschen” dierft wuel jidderengem bekannt sinn: En Text, deen déi Erwuessen och nach gutt am Kapp hunn, well en all Joer op en Neits um 2. Februar gesonge gëtt.
Als Echange kréien d’Kanner dann eng Kamell oder Schockela, oder wéi et zu Sandweiler bei enger Hausdier de Fall war: Bicher. Wann een d’Kanner freet, wat hinnen esou gutt um liichte gefält, ass d’Äntwert awer kloer: “Gratis Kamellen.”