
Hannert der neier, schéinster Fra vun der Welt ass d’Konkurrentin aus Brasilien (Plaz 2) a Peru (3) gelant. Moderéiert gouf déi op der Tëlee iwwerdroe Gala vum US-Acteur Mario Lopez an der Moderatrice Olivia Culpo.
Géint iwwer 70 Fraen aus der ganzer Welt konnt sech d’Mexikanerin duerchsetzen, déi beim 69. Concours vun der Miss Universe ugetruede waren. D’lescht Joer war den Evenement wéinst der Corona-Pandemie ofgesot ginn.