#ProudGrandmaD'Ursula von der Leyen ass Groussmamm ginn

RTL Lëtzebuerg
Ganz houfreg op hiren Enkel huet d'EU-Kommissiounspresidentin eng Foto vu sech an deem Klengen op Instagram gedeelt.
© POOL/AFP/YVES HERMAN

Mat hire 7 Kanner kennt d’Ursula von der Leyen d’Gefill, e Puppelchen am Aarm ze halen. Ma dëst ass allerdéngs déi éischte Kéier, dass si Groussmamm ginn ass. An dat op Mammendag! Et wier e magesche Moment gewiescht, schwäermt d’Politikerin.

Wéi de Puppelchen heescht an ob et e Jong oder Meedchen ass, huet si net verroden. Och ass net gewosst, wéi eent vun hire Kanner e Kand krut. Si selwer ass Mamm vu 5 Duechteren an 2 Bouwen.

Back to Top
CIM LOGO