Succès duerch d'PandemieËmmer méi Skateboarder mä haaptsächlech méi Skateboarderinnen

RTL Lëtzebuerg
Skateboard fueren huet an de leschte Joren ëmmer méi Succès krut, zënter den Olympesche Spiller zu Tokio ass dëse Sport och olympesch.
Ëmmer méi Skateboarder a Skateboarderinnen
Dës Sportaart, déi ëmmer nees erëm am komme war, krut duerch d’Pandemie en neien Hype.

Schonn an den 80er an dono an den 90er hat d’Briet mat de véier Rieder ëmmer nees seng Momenter, wou et absolut Trend war, abee elo an de Pandemie gouf et nees esou en Boom.

Elleng a China huet duerch Pandemie d’Unzuel vun deenen, déi sech op d’Briet trauen, enorm zougeholl, virop bei de Fraen, apaart beim Surfskaten, e speziellt Briet, dat grad bei Ufänger gutt ukënnt, well et méi einfach ze fueren soll sinn.

Ënnert de Nowuesstalenter ginn et der och, déi aus Regiounen op dëser Welt kommen, wou dëse Sport nach net laang “in” ass. Sou zum Beispill d’Zarah Ann Gladys Madambi aus den Vereenegten Arabeschen Emirater.

Mat senge 6 Joer fiert hat elo scho Competitiounen mat, ugefaangen huet et an der Pandemie mat grad emol 4 Joer.

Back to Top
CIM LOGO