FOTOEN: Earth HourFir de Bloe Planéit: Fir eng Stonn waren op ville Plazen d'Luuchten aus

RTL Lëtzebuerg
Um 30. Mäerz war d'Earth Hour, an zwar genee vun 20.30 Auer un. D'Stonn fir d'Äerd, oder och nach Luucht aus!, sou gëtt se genannt.
Kolosseum Roum
Kolosseum Roum
© AFP

2007 huet alles ugefaangen. Zu Sydney. Méi wéi 2,2 Milliounen australesch Stéit hu bei der éischter Earth Hour matgemaach a bei sech doheem fir eng Stonn d’Luucht ausgemaach, als Zeeche fir de Klimaschutz. E Joer drop huet déi Earth Hour 370 Stied a 35 Länner erreecht a mëttlerweil ass et eng global Beweegung. An de leschte Joren huet d’Earth Hour Geschicht geschriwwen an ass zur gréisster weltwäiter Ëmweltschutzorganisatioun avancéiert, déi et jee gouf.

Earth Hour / Reportage Gibbes Bertolo

E Samschdeg den 30. Mäerz war d’Earth Hour, an zwar genee vun 20.30 Auer un. D’Stonn fir d’Äerd, oder och nach Luucht aus!, sou gëtt se genannt, d’Aktioun, déi eis an d’Gewësse rieden, an eis drun erënnere soll, Stroum ze spueren an d’CO2-Gasen ze reduzéieren. Dofir ginn an där Stonn d’Luuchten ausgemaach. Vill Länner a Stied maachen hei mat a schalten och fir eng Stonn laang d’Geliits un ëffentleche Gebaier aus, wéi zum Beispill de Kölner Dom oder d’Brandenburger Tor, den Eiffeltuerm zu Paräis, de Kollosseum zu Roum, oder och bei eis hei an der Stad d’Gemeng um Knuedler. Elleng d’lescht Joer si 7.000 Attraktiounen uechter d’Welt eng Stonn däischter bliwwen.

Déi éischt Earth Hour ass aus enger Campagne vum WWF Australien ervirgaangen, déi d’Zil hat, fir d’CO2-Emissiounen an der gréisster australescher Stad Sydney bannent 12 Méint ëm 5% ze reduzéieren. D’Earth Hour war den Ufank vun dëser Aktioun.

Kritiker gesinn d’Saach mat enger gewëssener Skepsis a mengen, dass d’Aktivisten der Welt méi e grousse Gefale géinge maachen, wa se d’Energiespueren e ganzt Joer géinge propagéieren amplaz just eng Stonn unhand vun e puer ëffentleche Konschtstécker. Mä mat deem Hokuspokus géing sech méi liicht Opmierksamkeet entwéckelen an d’Leit wären dann och ugereegt, fir d’Spendekeess ze fëllen. Dat hätt mam Schutz vun der Äerd näischt ze dinn. Well d’Fro stellt sech ebe wéi klimafrëndlech d’Leit sech no där Stonn géinge verhalen an op se net einfach nees an den alen Tratt zeréckfalen. D’Klima léist sech eben net mam Luuchteknäppche retten, do wär wäit méi ze dinn.

Fir dass d’Klimaziler bis 2050 nach z’erreeche sinn, misst sech net nëmmen de Konsum vum Stroum änneren, ma och d’Produktioun, a Verbrauch, Verkéier an Ernierung spillen hei eng wichteg Roll.

Back to Top
CIM LOGO