
D’Queen Elizabeth II. hätt en Dënschdeg hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. An deem Kontext huet déi kinneklech Famill op X eng Serie vu Fotoen aus dem Liewe vun der fréierer brittescher Staatscheffin verëffentlecht.
Déi spéider brittesch Monarchin ass den 21. Abrëll 1926 als Elizabeth Alexandra Mary am Londoner Staddeel Mayfair, als eelsten Duechter vum Prënz Albert, Herzog vu York an der Herzogin vu York Elisabeth op d’Welt komm. Eigentlech war net virgesinn, dass si eng Kéier op de britteschen Troun klëmmt. Wéi si 9 Joer al war, ass nämlech hire Monni, den Edward den VIII., Kinnek ginn. Ma wéi dësen 1936 wéinst senger Bezéiung zu der zwee Mol gescheeter, biergerlecher US-Amerikanerin Wallis Simpson huet mussen zerécktrieden, ass hire Papp als George VI. brittesche Kinnek ginn. No dësem sengem Doud de 6. Februar 1952 gouf dunn d’Elisabeth II. Kinnigin.
An den 1950er a 60er Joren ass ënnert hir de Prozess vun der Dekoloniséierung weidergeféiert ginn, an d’Strukture vum Commonwealth hu sech weiderentwéckelt. Wärend hirer Zäit um Troun gesäit si net manner ewéi 15 brittesch Premierministere kommen a goen. 2015 gouf si schliisslech d’brittesch Staatscheffin mat der längster Regierungszäit. Zum Zäitpunkt vun hirem Doud den 8. September 2022 hat si méi ewéi 70 Joer laang um Troun gesiess.