Sozialpsychologin erkläertFirwat mir einfach gäre meckeren an eis beschwéieren

Céline Spithoven
Beschwéieren ass méi wéi nëmme schlecht drop sinn. D'Professesch an der Sozialpsychologie Katharina Schwarz erkläert, wisou mir meckeren a wéini et ze vill gëtt.
© Bialasiewicz/ Dreamstime

Munch Leit hunn d’Gefill, dass hautdesdaags méi gemeckert gëtt wéi fréier. Der Sozialpsychologin a Verhalensfuerscherin Katharina Schwarz vun der Uni Lëtzebuerg no ass dat net onbedéngt de Fall. Mënschen hu sech schonn ëmmer beschwéiert an dat huet seng Grënn.

Wenn wir uns beschweren, können wir Frust, Ärger und Stress ein bisschen loswerden”, erkläert d’Professesch. Sech beschwéieren ass also wéi eng Aart Ventil, dat hëlleft, negativ Gefiller ofzebauen an emotional am Gläichgewiicht ze bleiwen.

Dobäi kënnt nach en anere Facteur: sozial Bestätegung. Wann aner Leit änlech Problemer hunn oder dem Problem zoustëmmen, fillt ee sech verstanen. “Dann fühlt man sich verbunden.” Dës sozial Resonanz kann am Gehier souguer als Belounung empfonnt ginn.

© Canva/ Pixabay

Des Weideren huet een eng natierlech Tendenz méi op negativ Saachen opzepassen. Doduerch kréien och Reklamatiounen dacks méi Opmierksamkeet, souwuel a Gespréicher wéi och an der Ëffentlechkeet.

Wéini Meckere problematesch gëtt

Obwuel et ganz natierlech ass, sech reegelméisseg ze beschwéieren, kann dëst och negativ Konsequenzen hunn, wann et Gewunnecht gëtt. “Wenn man sich nur beschwert, dann kann das zu einer Art Verschlechterungsspirale führen”, warnt d’Katharina Schwarz. An dat dréckt op Dauer op d’Stëmmung.

D’Profesesch Katharina Schwarz fënnt: “Beschweren ist erlaubt... Solange es nicht zu viel wird.”
© Uni Lëtzebuerg

Entscheedend ass also, wéi a wéi dacks ee sech beschwéiert. Ass et just eng kuerz Manéier Frust ofzebauen oder ass et eng permanent Stëmmung?

Eng wichteg Roll spillen och déi sozial Medien. “Vor allem negative Inhalte werden eher geteilt und bekommen mehr Aufmerksamkeit”, erkläert d’Fuerscherin. Déi digital Resonanz kann dozou féieren, dass d’Leit nach méi dacks Kritik oder Beschwéierunge posten, well si dofir Reaktiounen an Zoustëmmung kréien a souguer Suen domat verdénge kënnen.

Strategie fir besser domat ëmzegoen

Aus psychologescher Siicht ass Beschwéieren och eng Form vun Coping, also eng Strategie fir mat schwéiere Situatiounen ëmzegoen. Wéi schonn erkläert kann et hëllefen, Emotiounen ze reguléieren oder Problemer siichtbar ze maachen. Wichteg ass awer, Problemer an Emotioune vuneneen ze trennen. “Eine hilfreiche Sache ist es, sich zu überlegen: Was ist eigentlich das Problem und warum reagiere ich darauf so negativ?”, seet d’Sozialpsychologin a Verhalensfuerscherin Katharina Schwarz. Wann een dat differenzéiert betruecht, léist sech dacks méi einfach eng Léisung fannen.

Gläichzäiteg recommandéiert si, bewosst och op positiv Saachen ze kucken. Well d’Leit bekanntlech dacks éischter dat Negatiivt gesinn, muss ee sech heiansdo aktiv drun erënneren, dass et och vill Guddes am Alldag gëtt.

© Mircea Lancu/ Pixabay

Beschwéieren ass also net automatesch schlecht, soulaang et net Iwwerhand hëlt. Well dat kann net nëmmen en negativen Afloss op eis Stëmmung hunn, mee och op d’Stëmmung vun eisem Ëmfeld.

Back to Top
CIM LOGO