18. Staffel ass geplangt"Grey's Anatomy" geet weider

RTL Lëtzebuerg
Et ass offiziell: D'Spidolsserie "Grey's Anatomy" kritt eng 18. Staffel. Dat huet de Sender ABC e Méindeg ënner anerem op Twitter bekannt ginn.
D'Ellen Pompeo alias Meredith Grey ass weider mat dobäi
D’Ellen Pompeo alias Meredith Grey ass weider mat dobäi
© AFP/File/VALERIE MACON

D’Fans dierfe sech deemno op weider Episode freeën. Den Ament leeft déi 17. Staffel. Och “Station 19", de Spin-off zur Serie, gëtt weidergefouert a kritt eng 5. Staffel. D’Showrunnerin Krista Vernoff bleift béide Produktiounen erhalen.

Déi 51 Joer al Ellen Pompeo alias Meredith Grey ass weider mat dobäi. Och d’Chandra Wilson (51) als Dr. Miranda Bailey an den James Pickens Jr. (66) an der Roll vum Dr. Richard Webber wierken an der 18. Staffel mat. Äddi soe muss een dogéint - opgepasst Spoiler - dem Jesse Williams, deen zanter der 6. Staffel den Dr. Jackson Avery spillt.

Back to Top
CIM LOGO