Klum a Kaulitz riskéiere Protokoll"Grotteschlecht" Manéiere vu frësch bestueter Koppel

RTL Lëtzebuerg
D'Toppmodel Heidi Klum an de Museker Tom Kaulitz hu sech op Capri an Italien d'Jo-Wuert ginn. Kuerz drop ass d'Koppel negativ opgefall.
Capri ass bekannt fir déi fielseg Landschaft.
Capri ass bekannt fir déi fielseg Landschaft.
© Rolany Mini (Archivbild)

Wéi italienesch Medien mellen, sollen d’Heidi Klum an den Tom Kaulitz zesumme mat 20 Hochzäits-Gäscht no der Feier mat Booter a Richtung vun der weltberühmter “Grotta Azzurra” op der Insel Capri gefuer sinn. Elo ermëttelt déi italienesch Police géint d’Toppmodel an de Museker vun Tokio Hotel, well si et net just bei der Besichtegung vun der legendärer Bloer Grott belooss hunn, mä sech doran erfrëscht hunn.

Dat ass awer zanter enger gudder Zäit scho verbueden, soudatt deenen Zwee elo ee fatzege Protokoll vu ronn 6.000€ wénkt. Wéi déi italienesch Zeitung “Corriere della sera” mellt, wier d’Carabinieri vun der Gemeng Anacapri op de Klum-Kaulitz-Entourage opmierksam ginn an hätt d’Hickecht opgefuerdert, d’Grotta Azzura nees ze verloossen.

1. Hochzäitsfoto: Heidi Klum a Tom Kaulitz hu sech am Geheimen d’Jo-Wuert ginn

Back to Top
CIM LOGO