Den Iff Bennett war virun 40 Joer een vun de Pionéier vun RTL plus. Nodeems en zwee Joer fir d’Revue geschriwwen hat, huet de ‘Gottfried Balve’, wéi e richteg heescht déi audiovisuell Medien entdeckt. Mat Sendungen wéi ‘Typisch RTL’ oder der Déireshow ‘Einfach Tierisch’ huet de Krauselkapp sech e Numm gemaach a spéider de gëllenen Elefant vum Bundeskanzler Kohl kritt. Op RTL Radio Lëtzebuerg huet hien samschdes d’Quizshow ‘Check inn’ animéiert, spéider war hien als Auteur bei Sendungen wéi ‘7 Tage, 7 Köpfe’ am Hannergrond, huet nei Talenter entdeckt a forméiert an als Sänger vun ‘Domani’ oder ' Wenn erst der letzte Baum’ bleift hien a gudder Erënnerung. www.iffbennett.de

De Bastian Campmann kënnt de 27/04 mat ‘Kasalla’ an den Atelier. D’Band déi Kölschrock spillt, gouf Mëtt 2011 vum Campmannn an dem Gittarist Flo Peil gegrënnt, deen awer och schonn virdrun Musek a Texter fir aner Kölner Gruppen wéi Bläck Fööss an d’Paveier geschriwwen hat. Si sangen awer net just iwwer hier Stad mee engagéieren sech och zB géint Rassismus. Am August 2014 hu se hiren éischten Open-Air-Concert mat iwwer 12.000 Zuschauer ginn, an 2022 hu se hiren 10ten Gebuertsdag am Rheinenergiestadion virun 41.000 Spectateuren gefeiert. E Samschdeg 27. Abrëll rocke ‘Kasalla’ den Atelier www.kasallamusik.de

De Flüttist Mika Gieres studéiert wéi säin Brudder Max klassesch Musek zu Salzburg, just, dass deen sech fir de Piano entscheet huet. Zanter e puer Joer organiséiert de Mika zu Uespelt am Schlass de Concert ‘Youth meets Classic’ wou jonk, talentéiert Museker an engem flotte Kader optrieden. De 24ten Februar gëtt et eng ‘Mozarteum Edition’ wou d’Bridder d’Sängerin Felicitas Zähringer begleeden. De Mika Gieres spillt reegelméisseg mat bekannten Orchesteren an huet och schonn vill Präisser mat senger Musek ofgeraumt. Um Programm Wierker vu Brahms, Gluck, Fauré, Schubert, Mozart, Händel a Saint-Saëns. www.mika.gieres.lu

www.berliner-ensemble.de
