
Gebuer ass d’Kane Tanaka den 2. Januar 1903 a lieft antëscht an engem Altersheem am westjapaneschen Fukuoka. Hir Passioune si Rechnen a Brietspiller, bei deene si dacks och gewënnt.
Vill Leit hunn der Pensionärin gratuléiert, dorënner de Buergermeeschter Soichiro Takashima. Op d’Fro, wéini si am glécklechste war an hirem Liewen, huet déi 116 Joer al Fra “elo” geäntwert.
1922 huet si sech bestuet, krut 4 Kanner an huet nach eent adoptéiert. Si steet all Dag um 6 Auer op an am Nomëtteg üübt si Mathe a Kalligraphie.
Japan ass eent vun de Länner mat der héchster Liewenserwaardung op der Welt. Vill vun den als eelsten deklaréiert Mënschen, stamen aus Japan. Dozou huet och den Jiroemon Kimura gezielt, deen den Titel als eelstee Mann vun der Welt hat. Hien ass kuerz no sengem 116. Gebuertsdag am Juni 2013 gestuerwen.