Nei Biller vum klenge PrënzLaang Traditioun: D'Rous "Prince Charles de Luxembourg" gouf ageweit

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Traditioun zanter 1891, dat Joer gouf déi alleréischt Rous fir d'Groussherzoglech Famill geplanzt. Elo krut och de Prënz Charles eng eege Rous.
© Cour Grand-Ducale / Sophie Margue

Zanter de kleng Prënz am Mee op d’Welt komm ass, huet ee just wéineg vun him ze gesi kritt. No der Kanddaf virun 3 Wochen bei herrlechem Wieder, war et den éischten offizielle Rendez-vous fir de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume. Agekuschelt an enger groer Jackette mat Bommelmutz konnt een de Fils vun der Ierfgroussherzoglech Koppel dës Kéier beim Rousegaart vum Schlass zu Mënsbech bewonneren.

Zu Éiere vum klenge Lëtzebuerger Prënz gouf eng Rous no him benannt, eng laang Traditioun zanter 1891 an eisem Land. Deemools war et eng Rous fir de Grand-Duc Adolphe.

RTL-NEWS: D’Kanddaf vum Prënz Charles zu Clierf
RTL-NEWS: Am Kader vum Prënz Charles senger Gebuert gouf e Bam geplanzt
7. Oktober 2000: Virun 20 Joer koum de Grand-Duc Henri op den Troun

Back to Top
CIM LOGO