Den 10. Mee dëst Joer ass de Prënz Charles an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm. Elo, 4 Méint méi spéit, war d'Kanddaf.

D'Zeremonie war an der Clierfer Benediktiner-Abtei "Saint Maurice". Fir 14.30 Auer gouf d'Famill vum Kardinol Jean-Claude Hollerich an dem Révérend Père Dom Michel Jorrot virun der Abteikierch empfaangen. D'Daf-Zeremonie huet um 15 Auer ugefaangen.

D'Kanddaf vum Prënz Charles zu Clierf
Fir d‘Pateren, déi nom Prinzip „Ora et Labora“ liewen, war e Samschdeg alles, mä kee normalen Dag...

D'Mass gouf zelebréiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, assistéiert vum Weibëschof Leo Wagener, dem fréieren Äerzbëschof Fernand Frank an dem Revérend Père Dom Michel Jorrot.

D'Kanddaf vum Prënz Charles ass den 19. September zu Klierf
Den 10. Mee dëst Joer ass de Prënz Charles an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm. Elo, 4 Méint méi spéit, ass d'Kanddaf.

Fir d‘Pateren, déi nom Prinzip „Ora et Labora“ liewen, war e Samschdeg alles, mä kee normalen Dag. Déi national an international Presse war invitéiert ginn, fir d‘Gäscht vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel z‘empfänken.

Fir 3 Auer Mëttes ware si op Clierf an d’Abtei bestallt, fir eng "Messe d'action de grâce pour le baptême de SAR le Prince Charles avec les rites complémentaires du baptême", sou deen offiziellen Titel vun de Feierlechkeete vun e Samschdeg de Mëtteg, gedeeft ass de Prënz Charel nämlech schonn, vum Kardinol.

Fir dës Kanddaf komplett ze maachen, waren et déi sougenannten Danksagung fir d‘Daf, mat dobäi enger Mass, an där d‘Rites complementaires nogeholl goufen. Un der Säit vum Prënz Charel - dee war iwwregens an en Dafkleed aus Spëtzt gekleet, dat de Grand -Duc a seng Gesëschter schonn unhaten. Un senger Säit also de Prënz Louis, als Pätter, an dann d‘Schwëster vun der Ierfgroussherzogin, d‘Comtesse Gaëlle de Lannoy, als Giedel.

D‘Famill vun der Mamm war gutt vertrueden, zu Klierf, dann, déi aner Säit, niewent de Prënze Louis a Sebastien mat Gips, waren de Prënz Felix an d‘Prinzessin Claire mat hire Kanner komm. Gefeelt huet d‘Prinzessin Alexandra.

Et war eng nawell laang reliéis Zeremonie, ënnert der Leedung vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, an zu där och den Hellegen Ulech, an d’Geweitent Waasser gehéiert hunn. Concélébréiert hunn de Weibëschof Leo Wagner, de Äerzbëschof Fernand Franck an de Reverend Père Dom Michel Jorrot aus der Clierfer Abtei.

D'Invitéen

Vun der groussherzoglecher Famill waren, nieft den Elteren an der groussherzoglecher Koppel, de Prënz Félix a seng Fra d'Prinzessin Claire an hir 2 Kanner present, wéi och de Prënz Louis an de Prënz Sébastien.

Ageluede waren awer och vun der Ierfgroussherzogin hirer Säit:

  • de Comte an d'Comtesse Jehan de Lannoy zesumme mat hire Kanner
  • de Comte an d'Comtesse Christian de Lannoy mat de Kanner
  • d'Madamm John Hamilton (gebierteg Comtesse Nathalie de Lannoy)
  • d'Comtesse Gaëlle de Lannoy
  • de Comte an d'Comtesse Amaury de Lannoy
  • de Comte an d'Comtesse Olivier de Lannoy mat hire Kanner
  • den Här an d'Madamm Jean-Charles de le Court – Comtesse Isabelle de Lannoy an hir Kanner

Pätter a Giedel

D'Comtesse Gaëlle de Lannoy, Schwëster vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie de Lannoy, ass d'Dafgiedel vum Prënz Charles.

Pätter ass de Prënz Louis, de Brudder vum Ierfgroussherzog Guillaume.

Dee klenge Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume steet op zweeter Plaz an der Trounfolleg hannert dem Ierfgroussherzog Guillaume. Fir säi groussen Dag wäert hien den original spëtzen Daf-Rack vun der Famill de Nassau unhunn, dee Rack, an deem schonn de Grand-Duc, d'Prinzessin Marie-Astrid, de Prënz Jean an de Prënz Guillaume gedeeft goufen.

D'Dafkäerz vum Prënz Charles gouf iwwregens vun der "Käerzefabrick" zu Heischent gemaach.

RTL Spezial: Gebuert vum Prënz Charles
RTL Spezial ass déi Emissioun, an där wichteg Evenementer couvréiert ginn.

Dem Charel seng Elteren, den Ierfgroussherzog an d'Stéphanie de Lannoy sinn zanter dem 20. Oktober 2012 bestuet. Am September 2018 war d'Koppel op London geplënnert, wou de Prënz Guillaume um Royal College of Defence studéiert huet. An där Zäit huet d'Ierfgroussherzogin hir konschtgeschichtlech Etüden um renomméierte Sotheby's Institute verdéift.

Zejoert ass d'Koppel nees op Lëtzebuerg zeréckkomm a wunnt zanterhier op Schlass Fëschbech. Kuerz drop, ugangs Dezember 2019, ass d’Schwangerschaft vun der Ierfgroussherzogin offiziell matgedeelt ginn.

Deklaratioun vum Ierfgroussherzog Guillaume
Laang huet een op d'Annonce gewaart, dass d'ierfgroussherzoglech Koppel géing e Kand erwaarden. Am Dezember zejoert war et souwäit, lo ass d'Kand do.