Op der gréisster Foire fir Liewensmëttel zu ShanghaiLëtzebuerg gewënnt international Kach-Kompetitioun
Mat der Ekipp Vatel Lëtzebuerg, déi am Bouneweger Lycée trainéiert hat, stoungen déi éischte Kéier lëtzebuergesch Käch an enger chineesescher Arena.
D’Lëtzebuerger Team mat Thomas Murer, Victor Thill, Lucas Andrieux a Lio Semedo konnt sech géint Ekippen aus China, Mexico, Ghana, Neiséiland a vun de Philippinnen duerchsetzen.
Lëtzebuerger Team gewënnt international Kach-Kompetitioun
D’Ekipp war invitéiert op d’Food & Hospitality China, déi weltwäite gréisste Foire fir Liewensmëttel.
Gefrot war, en imposéierten 3-Gäng-Menü exakt nom Reglement zouzebereeden an ze zerwéieren.
Um Radio hate mir déi erfollegräich Käch bei hirem leeschten Training begleet.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.