
Et kann een net fir näischt behaapten, dass déi éischt Doftkäerz vum Gwyneth Paltrow erreegte Gemidder hannerlooss hat. D’Käerz aus dem Lifestyle-Imperium “Goop” war no kierzester Zäit ausverkaaft, a well dat sou gutt funktionéiert huet, huet den Hollywood-Star nach eng drop geluecht.
Hiren neiste Produit “This Smells Like My Orgasm” erweidert elo dat aussergewéinlecht Käerze-Sortiment.
RTL-NEWS: Gwyneth Paltrow verkeeft besonnesch Käerze mat Intimgeroch

Wärend engem Online-Interview mam US-Talkmaster Jimmy Fallon, huet déi 47 Joer al Actrice hir neisten Doft-Kreatioun presentéiert an huet do vun engem ideale Kaddo fir d’Fra doheem geschwäermt. Datt op der Këscht Freedefeier illustréiert ass, huet fir en zousätzlecht Grinse gesuergt.