VerschwörungstheorieOngeimpfte Sperma ass den neien "Bitcoin" (Fake News)

RTL Lëtzebuerg
Bei ville Mënsche ginn et och vill Theorien zu ville verschiddenen Themen. Verschwörungstheorien iwwert de Coronavirus ginn et der eng jett.
© Pixabay

Verschidde bedenklech Covid-19-Theorië maachen Angscht, anerer maachen Hoffnung. Zum Beispill op Räichtum. Räichtum duerch Sperma.

Zanter dem Ufank vun den Impfunge verbreede sech a ville Länner och d’Verschwörungstheorien iwwer d’Wierkstoffer. Fir Impfgéigner Grond genuch, trotz all de wëssenschaftlechen Erkenntnisser vum Impfen ofzeroden. Do ginn et Suerge vun engem méiglechen Aplanze vun engem Mikrochip, dass sech d’Ierfgutt an eisem Kierper verännert oder nach, dass déi Geimpften all bis September wäerte stierwen.

Ma elo ass et wéi gesot eng nei Theorie, déi fir Opreegung suergt. Net duerch negativ Konsequenzen, ma éischter wéinst engem presuméierte positiven Effekt. A verschiddene Foren an natierlech op de soziale Reseauen, wou dubios Theorien nawell gär d’Ronn maachen, dierft dës besonnesch bei ongeimpfte Männer op oppen Ouere stoussen.

D’Corona-Impfunge sollen de Verschwörungstheoretiker no de Sperma vum Mann a puncto Quantitéit a Konsistenz beaflossen. Eng US-Etüd huet dëst widderluecht. Et ass net d’Impfung, mä éischter e Long-Covid-Verlaf, deen zu méigleche Problemer beim männleche Geschlecht féiere kann.

Ma elo zitt de Sperma eng aner Opmierksamkeet op sech. Op der Internetplattform Reddit gëtt et d’Rumeur, dass de Wäert vum Sperma vun engem ongeimpfte Mann geschwë soll massiv klammen. An deem Sënn dann och den neie Meme: “Sperma - den neie Bitcoin”.

An d’Iddi vun de Verschwörungstheoretiker kann een an hirem Gedankenuniversum och novollzéien, schliisslech wäert hinnen no all geimpfte Mann geschwënn dout, krank oder onfruchtbar sinn. De Sperma vum ongeimpfte Mann géing also d’Weiderbestoe vun der Mënschheet garantéieren.

Ee klenge Fonke Wouerecht stécht dann awer hannendrun. Sperma ass effektiv méi gefrot zanter der Corona-Kris. De Grond ass awer ee ganz aneren. Wéi et schéngt, hate vill Koppele vill Zäit, fir sech Gedanken ze maachen an deemno ass de Kannerwonsch bei ville gewuess. D’Nofro no Sperma, wann et op natierlechem Wee net klappt, ass an d’Luucht gaangen, ma Spender gouf et der duerch de Lockdown awer däitlech manner. Deemno hu verschidde Spermabanken hir Präisser gehuewen. Ma dovu profitéieren och just geimpfte Männer.

Back to Top
CIM LOGO