US-EtüdmRNA-Impfungen hu keen negativen Afloss op Spermien

RTL Lëtzebuerg
D'Gerücht ass net nei, hält sech awer haartnäckeg: D'Impfstoffer géint Covid-19 kënnen onfruchtbar maachen. Dat gouf elo an enger Etüd widderluecht.

Virusinfektioune kënne bei Männer zu Onfruchtbarkeet a sexuelle Funktiounsstéierunge féieren. Dat ass scho méi laang bekannt. Coronavire sinn do keng Ausnam, wéi Wëssenschaftler schonn 2020 festgestallt hunn. Ma wéi gesäit et mat Corona-Impfungen aus? Am Internet ginn ëmmer nees Gerüchter ronderëm, datt Covid-19-Vaccine Männer onfruchtbar maache kënnen. Eng Ekipp vun US-Fuerscher ass dëse Behaaptunge mat enger Etüd zu den mRNA-Impfstoffer vu Biontech/Pfizer a Moderna op de Grond gaangen.

45 gesond Männer am Alter vun 18 bis 50 Joer hu virun an no der Impfung mat engem mRNA-Vaccin eng Spermaprouf ofginn. An der Analys vun de Prouwe goufen de Spermavolume, d’Spermiekonzentratioun an d’Gesamtzuel vu beweegleche Spermien ënnersicht.

D’Resultater goufen an der Fachzäitschrëft “JAMA Network” publizéiert. Weder d’Spermienzuel nach d’ -qualitéit hätten ënnert der Impfung gelidden, esou den Auteur vun der Etüd Ranjith Ramasamy. Am Ufank vun der Etüd louch d’Konzentratioun vun de Spermie bei 26 Millioune pro Milliliter. No der zweeter Impfung louch de Wäert bei duerchschnëttlech 30 Millioune pro Milliliter - a war domadder esouguer däitlech geklommen. Doraus elo awer ee positiven Effekt op d’Fruchtbarkeet ofzeleeden, ass de Fuerscher no awer iwwerdriwwen.

Fest steet, datt der Etüd no mRNA-Impfstoffer keen Afloss op déi männlech Fruchtbarkeet hunn. “Mir konnte bei kengem vun den ënnersichte Männer feststellen, datt d’Impfung iergendeng Auswierkung op d’Spermien hat”, sou den Urolog Daniel Nassau, Co-Auteur vun der Studie.

Back to Top
CIM LOGO