
A genee do war de Christian Schmit mat enger Lëtzebuerger Delegatioun op Besuch. an dat net wäit vun Dubai ewech. Do hate mir Geleeënheet eng éischte Kéier déi Piècen ze bewonneren déi an der Kompetitioun mussen agesat ginn. Hiren Direkter Sven Bodry.
Mir wëllen de Käch eppes Flottes dohinner sëtzen wou si hir Kreatioune kënnen drop dresséieren, mee dat Ganzt soll natierlech och fir de Gaascht ganz flott sinn, dass och emol eppes Spezielles op den Desch kënnt, net nëmmen dat Ronnt wat e kënnt, oder eppes flaaches. Hei gi mir an e speziellen Design eran, am Fong geholl och eng Erausfuerderung fir d’Käch hire Plat drop ze dresséieren.
Bei RAK Porcelaine ass een houfreg offizielle Partner vun der EXPOGAST 2026 ze sinn.
Mir hunn eis ugebuede fir als Partner a Sponsor, zesumme mam Vatel Luxembourg d’Expogast 2026 eben och mat eise Produit’en ze organiséieren. Et ass fir eis di éischte Kéier, mir hu schonn aner Erfarunge gemaach op aneren internationale Concoursen. Mee dës Kéier si mir op der EXPOGAST dobäi wëll mir och eisen europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg, soit zu Beetebuerg.
Nieft dem Porzelain kommen dann awer och nach Glieser a Besteck dobäi, fir di verschidde Concoursen. Sief dat dee fir d’Restauration collective, bei de National Ekippen am Restaurant des Nations fir den 3 Gang Menu, a fir de Concours Chef’s Table.
Mir hunn am Fong geholl fir di 3 Concouren, 3 verschidde Serien ausgewielt. Dovunner beim Community Catering gi mir dës Kéier e bëssche méi faarweg.
De Restaurant des Nations wou d’National Ekippen en 3 Gang Menu maachen, do bleiwe mir beim klassesch wäiss, mee do kënnt och eng Nouveautéit dobäi. Dass mir déi Kéier op enger EXPOGAST Bone China an d’Spill brengen. Bone China ass dee nobelsten Porzeläin deen een iwwerhaapt ka kréien, ganz exklusiv, ganz flott, an domadder kënnen d’Käch vun dëser Welt spillen, a fir eis ass dat eng ganz grouss Freed. Wa mir dat an Zuelen ausdrécken, da schwätze mir, Glas, Besteck a Porzeläin vun 30 000 Stécker.
Natierlech ass di Auswiel mam Jury vum Culinary World Cup ofgestëmmt ginn. D’Ekippen kréien am Virfeld elo scho Mustere geschéckt fir de Menu domadden ze trainéieren a preparéieren. An de René Kertz vun eiser Ekipp „Luxembourg Community Catering Team“ déi mat am Concours ass, konnt sech dat schonn op där Rees en avant première ukucken.
Also wirklech eng Experienz sonnergläichen. E bësschen an d’Faarwegt eran, wat elo de Porzeläin vun der Kompetitioun Community Catering ubelangt. Ganz interessant a flott ze gesinn op wat fir engem Teller d’Cheffe vun der Welt wärten dresséieren.
D’Produktioun vu RAK ass zu Ras Al Khaimah, d’Gastronomie an och hier Hotellerie zu Dubai stoungen um Programm. Et ass ee jo net all Dag op engem Site op Besuch wou Porzeläin fir d’Gastronomie op der ganzer Welt produzéiert gëtt. Deemno war d’Begeeschterung grouss?
Ech wollt dat do eng Kéier kucken, vu que dass RAK Porcelain eis Partner jo do zu Mondorf ënnerstëtzt, also ech sinn angeneem iwwerrascht, an elo weess ech emol wat do un Aarbecht an där ganzer Porzeläinsgeschicht do dra stécht. Et war einfach top. Also ech hu gesi wéi di Telleren dohanne gemaach ginn, elo wäertschätzen ech den Teller vill méi. Dass déi do all eenzelen Teller vun Hand maachen, dat huet mech scho beandrockt. Also ech ka mech deem nëmmen uschléissen, schéin ze gesinn wéi dee ganze Porzeläin duerch all di Hänn geet, an och di Raffinesse bei där ganzer Saach. Als Kach gesäit een dat aus enger ganz anerer Perspektiv.
Mee och an der Wüst, an zu Dubai um persesche Golf, mat sengen 850 Hotelen, Burj Khalifa mat 828m dem héchste Gebai vun der Welt, engen 13 000 Caféen a Restauranten huet e gestaunt.
Also wann een di Hotelen alleguerte kuckt, an och den Highlight dee mir haten, de Burj Khalifa, et war super, an d’Hotelen hei zu Dubai dat ass einfach iwwerwältegend. Dass auf jeden Fall, ich kann das nur unterstreichen. Ich war hier vor 40 Jahren, sehe das hier, das ist ja eine andere Welt, das ist der Wahnsinn. Die Gastronomie auch, hier gibt es das top du top. Sehr vielfältig von asiatisch, französisch, sehr viel europäisch, also es ist unschlagbar. Also ech sinn iwwerwältegt, ech kommen aus dem Staunen hei zu Dubai net eraus, grousse Kino!
Néierens op der Welt gëtt et am Ablack esou vill Spëtze Gastronomie, Fine Dining a Michelin Stären beieneen. Eise Mike Fandel, deen och mat vun der Partie war, huet gemengt, et war derwäert.
365 Deeg am Joer, 24 op 24, hei dréint et hei hält et ni op. Dag a Nuecht an dat gesäit een. Fir eis iwwerwältegend wat mir konnte gesinn an deene puer Deeg, an och wat mir konnte schmaachen. Libanesesch Kichen, franséisch Kichen, peresesch Kichen vun allem. Et gëtt näischt wat et zu Dubai net gëtt.
A mat deem ganzen Jabel un Impressiounen an Inspiratiounen goung et du nees heem, a wie weess vläicht spigelt dat sech op der 5. Editioun vum Open Air Restaurant zu Mondorf erem?
Ech menge mat all Rees hëlt een ëmmer eppes mat, a mat all deem wat mir konnte probéieren, wärt och eppes zu Mondorf ze gesi sinn. Also do ware ganz interessant nei Goûte fir mech dobäi. Mir huet di Péiterséileg Zalot déi huet mech impressionnéiert. Man sieht ja hier dass auch ganz viel Fusionsküche ist, und ich glaube dass wir da sehr viele Überraschungen mitbringen für das 5 jährige Bestehen, also es lohnt sich auf jeden Fall hinzukommen.
Da si mir emol gespaant wat di Kiche Brigade beim Show Cooking op den Teller zaubert, vläicht jo en Touch arabesche Flair aus 1000 an enger Nuecht.