Wéi d’Polizisten du bei der Obsidian Middle School ukomm sinn, wou déi Jonk gespillt hunn, hunn d’Beamte si awer net fortgeschéckt.
Am Géigendeel si hunn dunn nämlech mat hinne gespillt.
E Video dovunner huet d’Police op hirer Facebook-Säit verëffentlecht. Dobäi hu si geschriwwen: “Keng Anung, wie gewonnen huet, mä dat ass egal, mir hate Spaass.”
Bis e Mëttwoch de Mëtteg gouf de Video schonns iwwer 30.000 Mol gekuckt.