De Sprong an d'ESC-Finall net gepacktReaktioun nom emotionalen an enttäuschenden Owend

RTL Lëtzebuerg
Loïc Juchem
Et sollt dëst Joer leider net duergoen fir d'Final vum Eurovision Song Contest. D'Enttäuschung war grouss, virun allem beim Eva Marija, dat en Donneschdeg alles ginn huet, ma et sollt um Enn net duergoen.
Et ass dëst Joer leider net fir d'ESC-Finall duergaangen
D'Enttäuschung war grouss, virun allem beim Eva Marija, dat en Donneschdeg alles ginn huet.

Mat der Startnummer 4 ass d'Eva Marija en Donneschdeg den Owend an der Wiener Stadthalle op d'Bühn getratt, fir an der zweeter Halleffinall vum ESC hiren Titel "Mother Nature" ze presentéieren.

Och wann der Lëtzebuergerin hir Performance d'Erwaardunge komplett erfëllt huet a si, wéi se selwer sot, mat vollem Häerz gesongen huet, gouf et um Enn eng Enttäuschung. De Loic Juchem mat Reaktiounen vun der Plaz, no engem emotionalen Dag zu Wien.

Back to Top
CIM LOGO