Wien an dësen Deeg zu Réimech passéiert, gesäit do um Quai e Greenpeace-Schëff. Et ass d’Beluga II, déi duerch Europa reest fir iwwert e Sujet z’informéieren, iwwert deen an de leschte Joeren ëmmer méi geschwat gëtt: de Plastik an de Mierer. Den Direkter Raymond Aenderkerk an d’Bénévole Sylvie Fernandez vu Greenpeace Lëtzebuerg sinn am Live! fir dës Aktioun virzestellen an z’erklären wéi grouss de Problem mëttlerweil ass.
RTL-Artikel: Greenpeace Plastik verknascht d’Gewässer, och eis Musel Donieft war et de grousse Lancement vum Télévie 2019. Mir hunn an de groussen Télévie-Studio geschalt, wou den Olivier Catani zesumme mam Nathalie Frisch (Fondatioun Kiwanis) a mam Diane Wunsch (Télévie) de Compteur lancéiert huet.
D’Raphaëlle Dickes huet sech aus dem Centre de promesses vu Rodange gemellt, wou sech de Buergermeeschter Pierre Mellina an d’Coordinatrice Josette Conzemius-Holcher doriwwer freeën, dass hir Stad schonn 18 Joer laang beim Télévie matmécht.