Dorop mécht Greenpeace Lëtzebuerg aktuell opmierksam, nodeems si tëscht Tréier a Réimech Waasser Prouwe geholl hunn an op Mikroplastik analyséiert hunn. Mat hirer Anti-Plastik-Campagne mécht d’Ëmweltorganisatioun dëse Weekend op hirem Schëff “Beluga ll”, dat zu Réimech ugeluecht huet, op de Problem an d’Konsequenzen opmierksam.
2 Prouwe goufen an de leschten Deeg op der Musel geholl an alle béid waren se positiv. Souwuel Plastiks Stécker, wéi och Mikroplastik gouf fonnt. An och wann een deen net mam bloussen A gesäit, huet dat gewëssen Inzidenzen op d’Liewewiesen an der Musel, wéi d’Florence Ménage vu Greenpeace erkläert: “Dat heescht d’Fësch, déi sech dovun ernären an och d’Villercher déi am Waasser sinn. Dat geet an eis “Nahrungskette” einfach eran a mir wëssen net wat dat fir Konsequenzen op eis selwer dono huet.”
D’Déiere behalen de Plastik am Kierper a Villercher zum Beispill hunn de Mo zum Deel esou mat Plastik gefëllt, datt se keen Honger Gefill méi verspieren a schlussendlech erhéngeren.
D’Prouwen déi op der Musel geholl goufen, sinn engersäits ënnert dem Mikroskop op Plastiks Stécker analyséiert ginn, ier se da weider an de Labo kommen. Den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk erkläert: “Wou dann och méi op Mikroplastik gekuckt gëtt, also op kléng Partikelen, déi ee mat engem normale Mikroskop guer net gesäit. An da ginn déi ausgewäert an et gëtt gekuckt wéi insgesamt d’Situatioun op eise Flëss ass an op eng Co-Relatioun mat der Verschmotzung op anere Plazen an de Weltmierer. Wat net sou einfach ass festzestellen.”
Engersäits geet et der Ëmweltorganisatioun drëm, d’Leit ze sensibiliséieren, fir manner Plastik ze benotzen. Mä och d’Multinationale spillen do e wichtege Rôle: “Alleguer déi Multinationalen, déi hir Liewensmëttel an alles Aneres a Plastik verpaken, déi mussen dovun ewech kommen an och wesentlech manner produzéieren. Déi mussen och nei Weeër goen.”
Et misst een erëm op e Circuit kommen, wou d’Produiten net sou séier wéi momentan an der Landschaft verschwannen, mä datt se puermol genotzt kënne ginn. Eng Multinational wéi Nestlé zum Beispill huet zejoert 1,7 Milliounen Tonne Plastik produzéiert.
Greenpeace bitt de ganze Weekend iwwer um Quai Marie-Astrid Visitte um Seegelschëff un, genee wéi eng Ausstellung zum Thema Plastik.
Am Live! Planet People op der Télé goung et e Freideg den Owend och ëm de Plastik an de Gewässer. Den Direkter Raymond Aenderkerk an d’Benevole Sylvie Fernandez vu Greenpeace Lëtzebuerg waren d’Invitéen.
RTL-Artikel: Live! Planet People: Start vum Télévie-Compteur a Plastik an de Gewässer