Sidd vun 20 Auer u live mat dobäi!Suivéiert d'Finall vum Eurovision Song Contest bei eis am Livestream an op der Tëlee
E Samschdeg um 21 Auer geet déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest lass an et wäert sech am Laf vum Owend erausstellen, wien vun den iwwrege 25 Länner um Enn de gliesene Pokal iwwerreecht kritt. Do virdru gëtt et awer nach eng Spezial-Emissioun ëm den ESC.
Mir iwwerdroe vun 20 Auer u live fir Iech, dat als éischt mat enger Spezial-Emissioun vun der Tëlee, ronderëm den ESC zu Wien. Um 21 Auer dann si mer live bis zum Schluss mat dobäi, wann an der Stadthalle d'Finall vum Eurovision Song Contest ausgedroe gëtt.
Sidd live beim Event mat dobäi, dat an eisem Livestream an am Liveticker.