Zwee Autoen, mä kee PermisTennis Profi Holger Rune wënnt fir déi zweete Kéier e BMW

RTL Lëtzebuerg
Den 19 Joer jonken Tennisprofi huet e stramme Aarbechtspensum. Zäit, fir dotëscht de Permis fir den Auto ze maachen, bleift dobäi wéineg iwwereg.
© SVEN HOPPE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Zwee Joer um Stéck huet den Holger Rune de BMW Open zu München gewonnen, bei deem een, wéi den Numm et scho bal verréit, een Auto vum Sponsor gewanne kann.

Eenzege Problem: Den 19 Joer jonken Dän huet nach guer kee Permis. Ma dëst gesäit hien awer e bëssi mat Humor. “An Dänemark kann een eng Aart Express-Fürerschäin an zwielef Deeg maachen. Dat notéieren ech mer emol am Kalenner fir d’Enn vum Joer”, esou de Rune géintiwwer Kicker.

Gewonnen hat hien e Sonndeg d’Finall géint den Hollänner Botic van de Zandschulp an dräi Sätz mat 6:4, 1:6 a 7:6. Dëst war iwwregens déi selwecht Konstellatioun vun der Finall, wéi schonn 2022, déi de Rune och fir sech entscheede konnt.

Back to Top
CIM LOGO