Kavalkad zu EschTrotz liichtem Ree vill Leit an der Uelzechtstrooss
Méi wéi 60 Veräiner waren och dëst Joer nees bei der Escher Kavalkad dobäi. Eng 30.000 Visiteure goufen erwaart, fir zesumme mat de Jecken ze feieren.
Escher Kavalkad 2024
D’Minettmetropole war e Sonndeg an den Hänn vun de Jecken.
Um 14.15 Auer war de Startschoss vun der Escher Kavalkad. Lass geet et an der Victor Hugo Strooss. Duerno goung de Cortège duerch d’Kanalstrooss a Richtung Brill Plaz. Vun do aus goung et duerch d’Geschäftsstrooss, also d’Uelzechtstrooss, bis erof op d’Gemengeplaz.
Escher Kavalkad
D’Jecke zéien duerch d’Stroosse vun der Minettmetropole.
Iwwer 60 Veräiner aus Lëtzebuerg an dem noen Ausland huele mat hire Ween, Musek- a Foussgruppen un der Escher Kavalkad deel. Verdeelt goufen natierlech och dëst Joer nees vill Séissegkeeten. D’Organisateure hate mat engen 30.000 Leit gerechent, déi laanscht Stroosse stoe wäerten, fir sech dëse Spaass net entgoen ze loossen.
Verschidde flott Impressiounen
Escher Kavalkad vum Ketty a Rom Hankes (25.2.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Escher Kavalkad vum Christophe Hochard (25.2.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Escher Kavalkad vum René Pfeiffer (25.2.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.