
Wéi ech och sëtzen aktuell vill Leit doheem an hunn Homeoffice oder verschiddener si souguer a Quarantän. Domadder ënnerstëtzte mir d’Situatioun, well mer d’Verbreede vum Virus méi lues maachen an esou deene Leit, déi dobausse mussen am Alldag fir eis schaffen, d’Liewe méi einfach maachen.Vun mir a menge Kolleege vun RTL dann och un all d’Leit am Gesondheetssecteur, d’Camionneuren, d’Personal aus de Liewensmëttelgeschäfter, d’Polizisten, d’Sekuristen, d’Sécherheetspersonal, all déi Benevollen, an all déi, déi ech elo vergiess hunn z’ernimmen, e grousse Merci fir ären Asaz, deen Dir all Dag bréngt. Ouni Iech kéint de System net méi funktionéieren a mir kéinten alleguerten dës Kris net iwwerstoen.
Awer elo zeréck zum Thema. De Coronavirus oder de Covid-19 huet d’Welt aktuell am Grëff an do ass et och net verwonnerlech, wann d’Kënschtler dëst Thema opgräifen, fir Lidder ze schreiwen oder ëmzeschreiwen, sief dat eescht, traureg oder witzeg.
Hei eng kuerz Oplëschtung vun eben esou Lidder, déi extra fir de Corona ëm- oder nei-geschriwwe goufen.
Déi jonk Musekerin huet d’Zäit vun der Quarantän genotzt, fir selwer e Lidd iwwert de Coronavirus ze schreiwen.
Wie gären op Partyen geet, Stéchwuert Après-Ski oder Ballermann, dee kennt “Von Freitag auf Montag” von SDP. An der neier Versioun bleiwen d’Jongen awer doheem, amplaz Party ze maachen...
An hei dann eng Kéier d’Original
Deen Heite läit op der Hand an ass eventuell esouguer ze einfach an ze offensichtlech... An awer, e passt.
An hei dann eng Kéier d’Original
D’Kolleege vum Rundfunk Berlin-Brandenburg hu sech mam Helge Oelert vu zibb zesummegedoen an e Klassiker vun de Rolling Stones coronaméisseg ëmgeschriwwen.
An hei dann eng Kéier d’Original

Eng jonk Sängerin, eng Gittar en Thema... Esou séier kann een op sech opmierksam maachen, wann een dat néidegt Talent huet.
An hei dann eng Kéier d’Original
Jo, nach e Klassiker, deen ëmgeschriwwe gouf. The Sound of Silence kennt wuel jiddereen an dofir trëfft et sech gutt, fir dat ze notzen an dem Virus de Krich z’erklären.
An hei dann eng Kéier d’Original
E Ghana mat italieneschem Pass ass den Hip-Hopper Bello FiGo, deen e Lidd iwwert de Coronavirus erausbruecht huet.
Jo, ech weess, dat Lidd hei ass net wierklech an der Corona-Quarantän entstanen an awer passt et iergendwéi an déi Lëscht hei eran...
Hutt Dir nach flott Videoen zum Thema fonnt, schreift eis se an de Comments dobäi