Zanter elo méi wéi engem Joer heescht et: Distanzen anhalen a sozial Kontakter, sou gutt et geet vermeiden. De Lockdown zitt sech a lues a lues, vu Woch zu Woch, ëmmer weider. An et schéngt keen Enn a Siicht. D’ganz Welt waart... waart op deen Ament, wéini nees alles normal ass.
Ma bis dohinner heescht et awer Gedold hunn. Do ass et normal, dass een heiansdo mol d’Flemm huet an dat ass och gutt esou, soen Experten. Mir ware kucken, wéi et de Leit dobausse geet a wat verschidde Leit sech afale loossen, fir dem Lockdown-Blues z’entkommen.
Sou zum Beispill d’Anne Faber. Normalerweis fënnt hatt seng Inspiratioun fir ze kachen op Reesen, ma no engem Joer just virtuell reesen, huet hatt sech eppes Neies afale gelooss an entdeckt elo déi sëllegen Epicerien hei am Land, wou Spezialitéiten aus verschiddene Länner ugebuede ginn.
RTL-Artikel: 1 Joer duerno - Wéi beaflosst de Virus eis “Psyche”? Ee Gespréich mam Charel Benoy