De Grinch vun WhovilleWisou ausgerechent e Chrëschtdagsmuffel iwwer d'Feierdeeg esou beléift ass

Céline Spithoven
Hien ass ëmmer schlecht drop a klaut Chrëschtdag. Trotzdeem ass hien immens beléift. Wou kënnt de Grinch hier a wat mécht hie sou besonnesch?
De Grinch (Jim Carrey) an d'Cindy Lou (Taylor Momsen) an der Realverflimung "How the Grinch stole Christmas" vun 2000.
De Grinch (Jim Carrey) an d’Cindy Lou (Taylor Momsen) an der Realverflimung “How the Grinch stole Christmas” vun 2000.
© GettyImages

Hien ass gréng, granzeg an huet Chrëschtdag einfach net gären. De Grinch gehéiert iergendwéi genee esou zu Chrëschtdag wéi d’Chrëschtkëndchen, den Dännebam an d’Bûche. An dat obwuel hien eigentlech genee de Contraire ass vun de Feierdeeg, déi déi meescht als Zäit vun der Besënnlechkeet bezeechnen. “How the Grinch stole Christmas”, iwwersat “Wéi de Grinch Chrëschtdag geklaut huet”, ass eng Kannergeschicht, déi 1957 vum amerikanesch Schrëftsteller Dr. Seuss geschriwwe gouf.

Hei erzielt hien d’Geschicht vun engem schlecht gelaunte Wiesen, dat eleng mat sengem Hond an enger Hiel héich iwwert dem Duerf Whoville lieft. Am Duerf feieren d’Whos Chrëschtdag mat vill Musek, Dekoratioun, an och d’Beliichtung dierf net feelen. A genee dat geet dem Grinch fierchterlech op d’Nerven. Seng Léisung ass esou einfach wéi radikal: Hie klaut deenen anere Chrëschtdag. An der Nuecht viru Chrëschtdag klaut hien all d’Kaddoen, Dekoratioun a souguer d’Iessen, an hofft domat, d’Fest och fir déi aner zerstéiert ze hunn. Mee moies gëtt hie vum Contraire iwwerrascht, d’Awunner vun Whoville sangen, laachen a feieren trotzdeem zesummen an domat versteet och de Grinch, dass Chrëschtdag net nëmme Kaddoen a Liichterkette sinn.

Populär gouf de Grinch virun allem duerch Film- a Tëleesadaptatiounen. Schonn 1966 war eng animéiert Versioun erauskomm, déi an den USA séier zum Klassiker gi war. Spéitstens am Joer 2000, wéi den Jim Carrey de Grinch am Kino gespillt hat, war d’Figur weltwäit bekannt. Zanterhier kënnt de grénge Chrëschtdagsmuffel all Joer erëm op d’Ecranen – als Film, Zeechentrickfigur oder nei Interpretatioun.

Mee de Grinch ass méi wéi just eng lëschteg-granzeg Chrëschtdagsfigur. Hien steet fir d’Elengsinn, d’Frustratioun a Verbattert sinn, mee och fir Verännerung. Seng Geschicht weist, dass jidderee sech entwéckele kann, an dass Häerzlechkeet a Gemeinschaft méi wichteg si wéi perfekt Dekoratiounen oder de gréisste Kaddo ënnert dem Bam. Am Buch wiisst dem Grinch säin Häerz um Enn ëm dat Dräifacht – eng Symbolik, déi haut nach beréiert.

Vläicht ass et genee dat, wat de Grinch esou beléift mécht. Hien erënnert eis drun, dass Chrëschtdag net perfekt muss sinn an dass och déi, déi sech ausgeschloss oder vum Fest genervt fillen, erëm Freed dorun fanne kënnen. A fir déi, déi mat Chrëschtdag iwwerhaapt näischt ufänke kënnen, bleift de Grinch de grénge Männchen, dee mat senger granzeger Aart e Gefill op de Punkt bréngt, dat munch Leit kennen: Einfach kee Fan vu Chrëschtdag sinn.

Back to Top
CIM LOGO