
Och wa vill Leit sech beschwéieren, hanner Vältesdag géing sech einfach just eng Marketing-Strategie vun de Floristen an de Chocolatiere verstoppen, fir hir Keesen ze fëllen, sou geet deen Dag op eng laang Traditioun zeréck, dee säin Ursprong am Mëttelalter huet.
Am drëtte Joerhonnert no Christus soll de Bëschof Valentin vun Terni chrëschtlech Koppele bestuet hunn, obschonn den deemolege Keeser dat verbueden hat. D’Legend beseet och, dass besonnesch déi Bestietnesser ënner engem gudde Stär stoungen an och extra laang gehalen hunn. Fir d’Zeremonie soll de Bëschof Valentin donieft Blummen aus sengem eegene Gaart iwwerreecht hunn.
Iwwer d’Grenzen vu Roum an Italien eraus, war den Hellege Valentin vun Terni bekannt, well hien och Koppele bestuet huet, déi net dem selwechte Stand oder dem selwechte Vollek ugehéiert hunn. Just d’Léift war wichteg. Fréier war dat allerdéngs verbueden. A well dem Keeser dat dunn iergendwann en Dar am A war, gouf de Bëschof Valentin de 14. Februar 269 op Uerder vum Keeser Clausius II. gekäppt.
Bis haut zielt de Bëschof als Märtyrer, dee fir säi Glawe gestuerwen ass. De Gedenkdag vum Hellege Valentinus gouf du vum Poopst Gelasius am Joer 469 fir déi ganz Kierch agefouert. 1969 gouf en awer nees aus dem réimesche Kalenner gestrach, de Brauch ëm de Valentinsdag ass bliwwen. Fréier goufen an der Kierch bestuete Koppele geseent, hat huet et e reng romanteschen Hannergrond.
Ma och virdrun war de 14. Februar am ale Roum als Dag vun der Léift bekannt. Op deem Dag huet ee fir d’Gëttin Juno gebiet a fir dass Koppelen a Familljen och weiderhin sollte glécklech bleiwen, goufe der Gëttin Blumme geaffert. Dee Brauch ass iergendwann ëmgewandelt ginn, sou dass de Mann um 14. Februar net méi der Gëttin Blumme geschenkt huet, mä senger Häerzensdamm.
Sech um 14. Februar Kaddoen ze maachen, déi Traditioun ass an den USA an de 50er Joren entstan. De Brauch hunn US-Zaldoten dunn nom Zweete Weltkrich och mat an Europa bruecht, nodeems zu Nürnberg e Valentinsbal gefeiert gouf an dat bei de Leit e reegelrechte Boom ausgeléist huet.
Et huet deemno net laang gedauert, bis de 14. Februar effektiv massiv kommerzialiséiert gouf, mat natierlech konkrete Resultater am Wirtschaftsberäich, virop der Blummenindustrie, déi vum Vältesdag wuel am meeschte profitéiert, schliisslech maache si um 14. Februar wuel dee meeschten Ëmsaz.
RTL Reportage: Wat fir Problemer hunn d’Fleuristen hautdesdaags?


Iwwregens huet en texaneschen Zoo sech eng witzeg Anti-Vältesdag-Aktioun fir Verloossener afale gelooss. Do dierf een eng Kakerlak kafen, se nom Ex benenne a se duerno un Äerdmännercher verfidderen.
RTL NEWS: Nenn eng Kakerlak no dengem Ex a verfidder seD’Iddi mam Anti-Vältesdag gëtt och ëmmer méi populär. A ville Stied weltwäit ginn an deem Kader grouss Partyen gefeiert, bei deem alles erlaabt ass, ausser häerzege Kitsch fir Verléifter. Do dierfen dann net nëmmen iwwerzeegte Singele matmëschen, mä och Koppelen, déi op de kommerzialiséierten Dag keng Loscht hunn.
Ma och um sportleche Plang, wann et net onbedéngt tonne Schockela soll sinn, ginn et ewell flott Aktiounen, wéi zum Beispill Marathonen. Sportlech Koppelen oder Singelen kënne sech do esou richteg auspoweren amplaz sech de Bauch mat Knippercher an engem deiere 5-Gäng-Valentinsmenü ze fëllen.
Ma et muss jo och net onbedéngt eng Demande en mariage sinn, vläicht gëtt ee sech grad op deem Dag bewosst, dass een eigentlech net déi richteg Persoun u senger Säit huet. Do wiere mer da beim Thema Schluss maachen.
RTL NEWS: All Fënneften huet per SMS Schluss gemaach - mat Ëmfro

Maacht mat bei eisem witzege Vältesdag Perséinlechkeetstest a gewannt e Vol Aller/Retour op Venedeg.