
Asturien, dat gréngt Spuenien
Hei trëfft den Atlantik op imposant Fielsen, kleng Fëscherdierfer an eng Landschaft, déi heiansdo éischter un Irland erënnert wéi un déi klassesch spuenesch Vakanzendestinatiounen. D'Regioun selwer setzt virun allem op Natur, Kultur a Gastronomie.
Eng vun de markantste Landschaften an Asturien sinn d’Picos de Europa. Bierger a gréng Däller maachen dës Géigend zu engem beléiften Zil fir Wanderer. An hei leien och d’Séie vu Covadonga, déi zu de bekanntsten Naturkulisse vun der Regioun gehéieren.
Ma an Asturien ginn et net nëmme Bierger. Cudillero, Llanes oder Ribadesella verbannen déi rau Küstelandschaft mat klengen Uertschaften a Plagen.
An och d'Stied hunn hiren eegene Charakter. Oviedo ass d’Haaptstad vun Asturien, wärend Gijón direkt un der Küst läit. Béid gehéieren zu de Plazen, mat deenen ee bei enger Rees och déi urban Säit vun der Regioun entdecke kann.
A wie vun Asturien schwätzt, kënnt kaum laanscht de Sidra. Den asturesche Cider gehéiert fest zu der regionaler Gastronomie. Genee esou wéi d'Fabada, Fësch a Mieresfriichten oder déi vill Kéiszorten.
Asturien ass domat Spuenien, just anescht: amplaz vu mediterraner Kuliss gëtt et gréng Bierger, Atlantikküst a kleng Dierfer. Eng Regioun fir déi, déi Natur, gutt Iessen an e méi rouegt Stéck Spuenien sichen an domat eng Destinatioun déi bei villen nach net direkt um Reesradar steet an awer definitiv derwäert ass.