Ënnerschate ReeszilerCarry-le-Rouet, déi roueg Säit vun der Provence

Nicky Soisson
Nieft Marseille, Nice oder Saint-Trop, gëtt op der Côte Bleue am Süde vu Frankräich nach e klengt Reeszil, dat däitlech manner bekannt ass: Carry-le-Rouet.
© www.pixabay.com

Déi kleng Stad um Mier läit tëscht dem Mëttelmier a Kiferbëscher an impressionéiert mat klenge Buchten, Plagen a klorem Waasser.

Besonnesch schéin ass d'Calanque des Eaux Salées. Eng méi wëll a roueg Bucht, ëmgi vu Mëttelmierkifer, wou ee schwammen, Kajak fueren oder einfach d'Vue op d'Mier genéisse kann. Nach méi verstoppt ass d'Calanque des Bouchons, déi mat hirem klore Waasser éischter zu de Geheimtippe gehéiert.

Wie léiwer eng klassesch Plage wëll, fënnt mam Rouet déi gréisst Plage vun der Stad. De Cap Rousset läit dogéint an engem Mieresschutzgebitt an ass och bei Famillje beléift.

A wie gär gutt ësst, kënnt zu Carry-le-Rouet och op seng Käschten. De Miereskéis ass hei eng Spezialitéit an d'„Oursinade“ gehéiert zanter Joren zu der lokaler Traditioun.

Wien also Loscht op Südfrankräich huet, awer op déi grouss Touristemassen verzichte kann, fënnt zu Carry-le-Rouet kleng Buchten, Mier a vill provënzielle Flair.

Carry-le-Rouet, déi roueg Säit vun der Provence

Back to Top
CIM LOGO