Fléie kéint 2027 däitlech méi deier ginnEng Rei Airlines warne viru Präishaussë vu bis zu 20%

Tim Morizet
Wien d'nächst Joer an d'Vakanz fléie wëll, muss sech méiglecherweis däitlech méi déif an de Portmonnie gräifen. Grond dofir sinn haaptsächlech déi héich Kerosinpräisser. Och d'Lëtzebuerger Reesbranche erwaart eng Hausse, wëll sech awer net op konkret Prozentzuele festleeën.
Kerosin ass méi wéi duebel esou deier ginn.
© AFP Archivbild

De Michael O'Lear, de Generaldirekter vu Ryanair, fënnt däitlech Wierder. Europa kéint an den nächsten zwielef Méint déi gréisste Präiserhéijung bei Fluchticketen a senger Geschicht erliewen. Op enger Pressekonferenz zu Bréissel huet de Chef vun der Low-Cost-Fluchgesellschaft Ryanair en Dënschdeg gewarnt, datt d'Ticketpräisser 2027 ëm 10, 15 oder souguer 20 Prozent klamme kéinten.

Aus engem Fluchticket, deen haut 200 Euro kascht, kéinten esou d'nächst Joer 240 Euro ginn. Dëst ass allerdéngs eng Prognos. Wéi staark d'Präisser wierklech klammen, hänkt ënner anerem vun der Fluchgesellschaft, der Destinatioun an der Entwécklung vun den Energiekäschten of.

Kerosin ass méi wéi duebel esou deier ginn

Den Haaptgrond fir déi erwaart Hausse ass de Präis vum Kerosin. Duerch de Krich am Noen Oste sinn d'Energiepräisser staark geklommen. Vill Fluchgesellschaften hunn dës Hausse bis elo awer nëmme begrenzt ze spiere kritt.
Dat läit um sougenannten Fuel Hedging. Dobäi kafen d'Fluchgesellschaften hire Kerosin am Virfeld fir e gewëssene Präis an. Eng “Reserve” fir déi nächste Méint, fir sech géint staark Präisschwankungen ze schützen.

Ryanair hätt eegenen Aussoen no ronn 80 Prozent vu sengem Brennstoffbedarf bis Mäerz 2027 zu engem Präis vu 67 Dollar de Barrel ofgeséchert. Vun Abrëll 2027 u wier dës Reserve awer gréisstendeels opgebraucht. De Ryanair-Chef schwätzt vu Kerosinpräisser vun 140 bis 150 Dollar de Barrel um aktuelle Marché.

Déi international Loftfaartorganisatioun IATA huet fir d'Woch bis de 16. Oktober esouguer en duerchschnëttleche Kerosinpräis vu ronn 208 Dollar de Barrel an Europa an der GUS gemellt. Dat wier bal 128 Prozent méi wéi ee Joer virdrun.

Och Lëtzebuerger Reesbüroe rechne mat méi héije Präisser

Datt d'Fléien 2027 méi deier gëtt, hält och de Fernand Heinisch vun der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages (ULAV) fir warscheinlech.
Vill Fluchgesellschaften hätten hire Kerosin fir 2026 nach zu méi gënschtege Konditiounen akaaft. Fir 2027 missten elo nei Kontrakter zu däitlech méi héije Präisser ofgeschloss ginn. Dat géif sech zwangsleefeg op d'Ticketpräisser auswierken.

Ob et awer tatsächlech zu enger Hausse vu bis zu 20 Prozent kënnt, léisst sech senger Meenung no nach net viraussoen.

"Dat ass vun Airline zu Airline verschidden. Eng Low-Cost-Airline huet aner Käschte wéi eng klassesch Fluchgesellschaft", erkläert de Fernand Heinisch.

Nieft dem Kerosin géifen och aner Facteuren eng Roll spillen. Dozou gehéieren d'CO₂-Zertifikater an déi ëmmer méi streng europäesch Virschrëfte fir nohaltege Fluchbrennstoff. Zanter 2025 muss an der EU e Mindestundeel vun zwee Prozent nohaltegem Fluchbrennstoff an d'Offer integréiert ginn. Dësen Undeel soll an den nächste Joerzéngte weider klammen.

Ginn och Pauschalreesen an Hoteller méi deier?

Net nëmmen d'Fluchticketen, mee och d'Präisser fir komplett Vakanze kéinten an d'Luucht goen. Bei Hoteller a Pauschalreese wier eng gewëssen alljärlech Präiserhéijung allerdéngs näischt Ongewéinleches, esou de Fernand Heinisch.

Eng Hausse vu ronn dräi Prozent wier an der Branche relativ normal. Besonnesch populär Destinatioune wéi Spuenien oder Griicheland wieren an de leschte Jore reegelméisseg e bëssen méi deier ginn. Och an der Tierkei wieren d'Präisser geklommen.

Eng allgemeng Prognos fir de Summer 2027 wier awer schwéier. D'Entwécklung géif staark vun der Destinatioun an dem jeeweilege Reesorganisateur ofhänken.
Fir Leit, déi hir Pauschalrees scho gebucht hunn, gëtt et iwwregens gesetzlech Schutzmechanismen. Eng nodréiglech Präiserhéijung ass just ënner bestëmmte Konditioune méiglech, zum Beispill wann d'Brennstoffkäschte klammen an de Kontrakt esou eng Upassung virgesäit. Dës muss spéitstens 20 Deeg virum Depart matgedeelt ginn. Bei enger Hausse vu méi ewéi aacht Prozent kënnen d'Clienten de Kontrakt ouni Annulatiounskäschten opléisen.

Trotz Präisdeierecht bleift d'Reesloscht grouss

Och wann d'Vakanz d'nächst Joer méi deier kéint ginn, gesäit d'Lëtzebuerger Reesbranche bis elo kee gréissert Zeréckhale bei de Clienten.
Am Géigendeel: Dem Fernand Heinisch no sinn d'Buchungszuele fir 2027 bis elo ganz gutt. D'Joer hätt gutt ugefaangen. Wéi sech d'geopolitesch Situatioun an den nächste Méint entwéckelt, bleift awer eng grouss Inconnue.

Säi wichtegste Rot un d'Leit ass dofir, net ze laang mat der Vakanzebuchung ze waarden.
"Esou fréi wéi méiglech d'Vakanz buchen, net waarde bis zum Schluss, well da gëtt et sécher méi deier", esou de Vertrieder vun der ULAV.

Fréi buchen ass zwar keng Garantie fir den niddregste Präis, mee bitt dacks méi Choix bei de Fluchverbindungen an den Hoteller. Fir de Summer 2027 kéint sech dat besonnesch lounen, sollt déi vum Ryanair-Chef prognostizéiert Präishaussë Realitéit ginn.

Back to Top
CIM LOGO