Ënnerschate ReeszilerSouth Dakota, méi wéi just Mount Rushmore

Nicky Soisson
Wann et ëm Vakanz an den USA geet, da stinn dacks New York, Kalifornien oder Florida ganz uewen op der Lëscht. South Dakota dogéint? Éischter manner. An dobäi huet grad dëse Bundesstaat vill ze bidden, virun allem fir déi, déi Natur, grouss Landschaften an e klassesche Roadtrip sichen, Nicky Soisson.
© www.pixabay.com

Wann et ëm Vakanz an den USA geet, da stinn dacks New York, Kalifornien oder Florida ganz uewen op der Lëscht. South Dakota dogéint? Éischter manner.

Wann et ëm Vakanz an den USA geet, da stinn dacks New York, Kalifornien oder Florida ganz uewen op der Lëscht. South Dakota dogéint? Éischter manner. An dobäi huet grad dëse Bundesstaat vill ze bidden, virun allem fir déi, déi Natur, grouss Landschaften an e klassesche Roadtrip sichen.

Ee vun den Highlights ass de “Badlands National Park”. Eng Landschaft mat markante Fielsformatiounen, déi sech däitlech vun de grénge Black Hills ënnerscheet. An där Regioun leien och vill vun de bekanntsten Attraktioune vu South Dakota, dorënner “Mount Rushmore”, de “Crazy Horse Memorial” an de “Wind Cave National Park”.

Besonnesch interessant ass och de “Custer State Park”. Op ronn 71.000 Acre fënnt een hei Bierger, Prairie a vill Déieren. De Park ass ënnert anerem fir seng fräi liewend Bisone bekannt a bitt Méiglechkeete fir ze wanderen, mam Vëlo ze fueren oder einfach iwwer déi landschaftlech Stroossen duerch de Park ze fueren.

A genee dat mécht South Dakota interessant: Et ass manner déi klassesch amerikanesch City-Trip-Destinatioun, mä éischter eng Plaz fir e Roadtrip. Vum Badlands National Park iwwer d’Black Hills bis an de Custer State Park kann een hei bannent enger Rees ganz ënnerschiddlech Landschaften erliewen.

South Dakota ass domat vläicht net deen éischte Bundesstaat, deen engem fir déi nächst USA-Rees afält. Mee fir Leit, déi Natur, Déieren a spektakulär Landschaften amplaz vu Groussstad sichen, kéint grad dat de Reiz ausmaachen.

Back to Top
CIM LOGO