Ënnerschate ReeszilerDen Haag: Citytrip mat Mieresloft

Nicky Soisson
Amsterdam a Rotterdam an Holland kennt bal jiddereen. Mee Den Haag gëtt als Reeszil dacks vergiess, obwuel d'Stad Kultur, Natur a Plage matenee verbënnt.
© www.pixabay.com

Den Haag ass virun allem als politeschen Zentrum vun Holland bekannt. Hei sëtzen d'Regierung an d'Parlament, a mam Binnenhof läit och eng vun de bekanntste Plaze vun der Stad direkt am Zentrum. Donieft hunn och vill international Organisatiounen hei hire Sëtz.

Mee Den Haag ass méi wéi Politik. An der Stad fënnt ee vill Muséeën, Geschäfter, Caféen a kleng Stroossen, duerch déi ee ganz entspaant spadséiere kann. Ee kulturellen Highlight ass d’Mauritshuis, wou ënner anerem bekannte Wierker aus der hollännescher Molerei ze gesi sinn.

An da gëtt et nach eppes, wat Den Haag vu villen anere Stied ënnerscheet: d'Mier. Nëmmen e Stéck vum Zentrum ewech läit Scheveningen. Mat senger laanger Plage, der Promenade an dem Pier kënnt hei direkt Vakanzestëmmung op. Wie Beweegung wëll, kann zu Scheveningen souguer surfe goen. A fir sech ze entspanen, kann een e Spadséiergang duerch d'Dünen oder laanscht d'Nordséi maachen.

D’Kombinatioun tëscht Stad a Mier mécht Den Haag sou interessant fir e Citytrip. Et ass eng Stad, déi kulturell vill ze bidden huet, awer gläichzäiteg och genuch Plaz léisst, fir einfach emol erofzekommen.

Den Haag, Citytrip mat Mieresloft

Back to Top
CIM LOGO