MyLar Specialty Films Luxembourg Sàrl12.000 € fir d'Fondation Cancer

RTL Lëtzebuerg
© Fondation Cancer

D’Initiativ fir dës Spendenaktioun koum vum Romain Johanns, engem fréiere Mataarbechter vu MyLar Specialty Films Luxembourg Sàrl, dee selwer vu Kriibs betraff ass a vun der Fondation Cancer begleet gëtt. Mat der Ënnerstëtzung vu sengen Aarbechtskollegen huet hien am Virfeld vun der Fermeture vun der Entreprise eng Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt. Dobäi gouf Bürosmaterial vun der Entreprise un d’Mataarbechter versteigert. En Deel vum Erléis, eng generéis Zomm vun 12.000 €, gouf un d’Fondation Cancer gespent.

„Kriibs ka jiddwereen treffen a verännert d’Liewe vun de Betraffenen an hire Familljen dacks vun engem Moment op deen aneren. Et mécht mech besonnesch frou an dankbar, datt aus enger einfacher Initiativ, zesumme mat der wäertvoller Ënnerstëtzung vu mengen Aarbechtskolleegen an der Firma, eng esou generéis Spend un d’Fondation Cancer entstanen ass. Ech hoffen, datt dës Spend dozou bäidroe kann, Mënschen, déi mat dëser Krankheet konfrontéiert sinn, Hoffnung, Kraaft an Ënnerstëtzung ze schenken“, esou den Romain Johanns.

D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, a Präsenz vu Vertrieder vu MyLar Specialty Films Luxembourg Sàrl an dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse generéisen Don an dat staarkt Zeeche vu Solidaritéit.

Dësen Engagement erméiglecht der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO