En viru kuerzem entdeckte Protein am mënschleche Kierper gouf no engem Pokémon benannt an zwar ass dat de "Pikachurin".

Pikachurin, sou den Numm vun deem Protein, ass fir déi "blëtzschnell" Iwwerdroung vu de Biller tëscht den Aen an dem Gehir zoustänneg. Ouni Pikachurin, géif dat visuellt Signal dräi mol méi lues am Gehir ukommen.

Ma wéi kënnt de Protein elo zu sengem komesche Numm? D'Erklärung dofir ass sou banal, wéi och einfach: Et gouf nom Pikachu benannt, well dëse klenge Pokémon selwer extrem séier ass, wann e mat senge Blëtzer ugräift.