"Mir wëlle just en normaalt Liewen"

© RTL Archivbild
Et ass sécherlech just eent vu villen tragesche Schicksaler vu Refugiéeën hei am Land.
Knapp dräi Joer nodeems d'Famill hei an d'Land komm ass, muss se nees goen. Se huet just ee Wonsch: a Fridde kënnen ze liewen.
Am August 2022 ass de Papp vun der Famill aus Algerien op Lëtzebuerg komm, d'Mamm mat véier Kanner kuerz drop. Aus Angscht viru Repressioune wëll de Papp vu Mëtt 50 net erkannt ginn. Och déi véier Kanner tëscht 10 a 16 Joer schumme sech a wëllen de Fait, dass si Refugiéeë sinn, léiwer virun hire Kolleege geheim halen. Ma Enn nächste Mount wäerten hir Frënn sech Froe stellen, wa si op eemol einfach net méi an d'Schoul kommen. Enn nächste Mount ass d'Famill nämlech gezwongen, Lëtzebuerg ze verloossen an zeréck an Algerien ze goen.
Dat wier awer onméiglech, seet de Papp. An Algerien wéilt een hien als Ex-Militär an de Prisong bréngen. Hien hätt Korruptioun, vun där hie selwer beim Militär och concernéiert gewiescht wier, denoncéiert. Et hätt een him seng Wunneng wéilten ewechhuelen. Um Enn hätt hien eleng virun den algereschen Autoritéite gestanen, well all Bäistand sech no an no zréckgezunn hätt. An der Wunneng vun der Famill wier Stroum a Waasser ofgedréint ginn an och seng Kanner wiere menacéiert ginn. All dëst sinn Uschëllegungen, fir déi et och géinge Beweiser ginn, mee déi hien net kéint public maachen. Fir RTL ass d'Vergaangenheet vun der Famill net ze préiwen. Ma och d'Kanner wëlle sech un esou Schikanen an hirem fréieren Heemechtsland erënneren.
Déi zoustänneg Autoritéite gesinn awer kee Besoin, dass d'Famill internationale Schutz géing brauchen, respektiv ass d'Situatioun méi komplizéiert. De Familljepapp hat seng éischt Demande op Schutz an engem aneren EU-Land gestallt, wat deemno fir hie responsabel ass. D'Fra mat de véier Kanner huet dann hir Demande hei am Land gemaach. Ma konnt hire Statut an där Zäit, an där si hei war, net regulariséieren, andeems si eng Aarbecht fonnt hätt. D'Demande fir internationale Schutz war da schonn am Dezember 2023 ofgeleent ginn, also 16 Méint no der Arrivée vum Papp. Dëst mam Hiweis, dass d'Land misst an 30 Deeg verlooss ginn.
No engem Recours gracieux wéinst dem Gesondheetszoustand vun der Fra, déi ënner Depressioune leit, koum am Mäerz 2025 nees e Bréif vum Office nationael de l'accueil (ONA) mat enger negativer Nouvelle. D'Famill misst bis Enn August 2025 fort. Dass d'Fra vun Enn 30 net déi néideg Soinen an Algerien kéint kréien, gouf net als Argument zeréckbehalen, fir kënnen ze bleiwen. Och e Recours aus humanitäre Grënn gouf net zréckbehalen. Just wéinst dem Agräife vum Okaju wéinst de Kanner gouf eng Verlängerung vum Bleiberecht bis Enn September accordéiert.
D'Schoul geet geschwënn un – léieren an der Ongewëssheet
D'Famill lieft elo weider an der Hoffnung, dass se dach nach e Wee fënnt, fir hiert Liewen hei weiderzeliewen. Dat no dräi Joer, an deenen een alles gemaach huet, fir sech beschtméiglech z’integréieren. E Wee, deen net einfach war, nodeems ee vu Flüchtlingsheem zu Flüchtlingsheem weider hätt missen zéien. Fir d'éischt zu Esch, dunn an den Zelter an der Shuk, dono zu Miersch, wou et am schlëmmste gewiescht wier, wéi déi eelst Duechter vu 16 Joer erzielt. Et wier en Zëmmer gewiescht, ouni Fënsteren. D'Duschen an d'Toilettë knaschteg a wäit ewech. Moies hätt si de Bus éischter an d'Schoul geholl, fir do d'Zänn ze wäschen. Ëmmer heemlech, dass hir Frënn näischt vun hirer Situatioun géinge matkréien. Elo an engem anere Flüchtlingsheem am Süde fillt d'Famill sech besser.
An zwou Woche geet d'Schoul nees un. Wou och déi véier Jonk natierlech wäerten am Unterrecht dobäi sinn. Mat groussem Engagement. Déi eelst Duechter strieft och dëst Joer un, nees Klassebescht ze ginn. Déi zwou eelsten Duechtere vu 14 a 16 Joer sinn an engem Lycée classique. De Jong vun 12 Joer gehéiert a sengem Sportveräin zu deene Beschten a schwätzt antëscht och gutt Lëtzebuergesch. Et wëllt een normal sinn, mee et wier een et net, soen d'Kanner. Si kënnen ni bei den Ausflich vun der Schoul dobäi sinn. Zanter dem Bescheed vun der Expulsioun hu si och kee Recht méi op d'Gesondheetsversuergung vun der CNS. Zwee vun de Meedercher hunn eng Zanspang a waren hiren Aussoen no zanter fënnef Méint net méi beim Zänndokter. Ob si hir Zanspang elo éiweg unhale missten, froe si.
D'Eltere si verzweiwelt. Hu gemaach, wat si konnten, fir sech z'integréieren. Si hunn e Benevolat gemaach, hu Lëtzebuergeschcoursë geholl. De Mann huet Coursë fir aner Refugiéeën am Franséische gehalen, huet eng Formatioun fir eng Weiderbildung gemaach an allen zwee hätte si eng Ausbildung. De Papp seet, an den USA studéiert ze hunn, seng Fra op enger Bank geschafft ze hunn. Si géing och botze goen. D'Haaptsaach, si kéint hire Kanner eng sécher Zukunft erméiglechen, seet si an Tréinen. Si wieren net aus Algerien fortgaangen, wa si net hätte missen. Si hätten hiert Liewen do gehat an hir Famill. Elo wéilt een eng eenzeg Chance, fir en Neiufank zu Lëtzebuerg ze kréien.
An engem weidere Reportage kënnt RTL mam Okaju op d'Problematik zeréck, déi sech stellt, wa Kanner an esou Schicksaler involvéiert sinn.