Et gi Saache, déi muss een net onbedéngt wëssen, si suergen awer fir ee Schmunzelen, besonnesch wann et ëm déi schéinste Niewesaach vun der Welt geet.

Déi sensibel weiblech Plaz wier bal ënnert dem Numm "Whipple Tickle" bekannt ginn. De Begrëff, deen sech aus dem Numm vun der Sexualfuerscherin Beverly Whipple an dem englesche Wuert fir "këddelen" zesummesetzt, konnt sech awer net duerchsetzen.

Ee vun zéng Puppelcher an Europa gëtt an engem Ikea-Bett gemaach.

De briteschen Geheimdéngscht huet Sperma e bësse méi genee ënnert d'Lupp geholl, fir doraus eng Geheimtënt fir onsiichtbar Messagen ze entwéckelen. Déi Iddi gouf awer séier nees verworf: D'Schrëft war mam bloussen A zwar wuel net ze erkennen, dofir huet een se awer gericht.

All 7 Sekonnen gëtt weltwäit eng Packung Vigra-Pëllen verkaf.

Mam Sperma, dat een duerchschnëttleche Mann an 2 Wochen produzéiert, kéinte sämtlech fruchtbar Fraen op der ganzer Welt geschwängert ginn.

Eng eenzeg Spermazell enthält 37,5 Megabyte un DNA-Informatiounen. Eng Ejakulatioun packt et souguer op 15,875 Terabyte, wat engem Datevolume vun 62 Laptoppen entsprécht.

E weiblecht Frettchen kann un enger Östrogenvergëftung stierwen, wann et ee Joer kee Sex hat.

Während den Olympesche Spiller 2012 goufen op Nofro insgesamt 150.000 Kondomer un d'Athlete verdeelt. Dat sinn der 15 pro Sportler. ...et ginn ebe verschidde Methoden sech kierperlech fit ze halen...

De Grënner vum amerikaneschen Flirtportal "Match.com" gouf vu senger Frëndin verlooss. Si hat sech op "Match.com" an een Anere verléift.

De Baart vun engem Mann wiisst vill méi séier, wann de Mann weess, datt e geschwënn Sex wäert hunn.

Et gëtt net genuch gekusst! Déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung vum Mënsch läit bei ronn 80 Joer.  An dëser Zäit kuckt Jiddereen duerchschnëttlech 12 Joer laang Fernseh, setzt 6 Méint op der Toilette a steet bal grad sou laang am Stau. Traureg awer wouer: Gekësst gëtt sech nëmmen 2 Wochen.

Vill Sex kann eng verstoppte Nues nees befreien. Et ass nämlech en natierlecht Mëttel géint Asthma an Heeschnapp.

De Mallanga Vatsyayana, Auteur vum Kamasutra, huet scheinbar zölibatär gelieft.

Enger Etude no, wäerte Koppelen, déi sech iwwer eng Minutt direkt an d'Ae kucken, entweder ufänke mat streiden oder mateneen an d'Bett sprangen.

De Sproch "déi dreiwen et wéi d'Kanéngercher" war gëschter, d'Wüsterat ass de neie Spëtzereider, oder an dësem Fall "Rammler". Si ka bis zu 120 Mol an der Stonn Sex hunn.

Tatsaach ass: Männer denken am Schnëtt all 7 Sekonne u Sex.

A Washington D.C ass all aner Stellung wéi d'Missionarsstellung géint d'Gesetz.

Sex ass dee beschte Regime, ëmmerhinn ginn do an der Stonn 360 Kalorie verbraucht.

E Schwäin misst ee sinn. Den Orgasmus beim Mann dauert normalerweis nëmmen e puer Sekonnen, e männlecht Schwäin dogéint packt et op en Héichpunkt vu bis zu 30 Minutten.

Sex ass gutt fir d'Nerven a wierkt immens berouegend. Deemno ass Sex souguer 10 Mol méi effektiv wéi Valium.

De Penis vun engem Bananneschleek  ass erstaunlech 80 Zentimeter laang. Bei hire knappe 15 Zentimeter Längt entsprécht dat bal 550 % vun der Kierperlängt. Zum Verglach: Bei engem Mann vun 1,80 Meter entsprécht dat enger Penisgréisst vu bal 10 Meter.