Den Accident op der N15 e Méindeg den Owend war dee mat de meeschten Doudesaffer zanter ronn 36 Joer.

Nom Accident vun e Méindeg den Owend tëscht Heischent a Feelen, bei deem fënnef Persounen ëm d'Liewe komm sinn, komme bei ville Leit Erënnerungen un aner Accidenter erop, bei deenen och vill Leit gestuerwe sinn. Hei e puer Beispiller mat Billermaterial aus där Zäit.

Alzeng – Schlammestee (1989)

Enn Mäerz 1989 koum et op der Streck tëscht Alzeng an dem Schlammestee zu engem déidlechen Accident och mat fënnef Doudesaffer. E Gefier war beim Iwwerhuelen un d’Schleidere komm. Den Auto krut doropshin zwee Beem ze paken a war a Brand geroden. Fir déi fënnef Leit am Auto koum all Hëllef ze spéit.

RTL

© RTL-Archiv

Den Hei Elei Aktuell vum 2. Abrëll 1989
Informatiounen iwwert den déidlechen Accident tëscht Alzeng an dem Schlammestee Enn Mäerz 1989.

Bruch – Sëll (1970)

En Accident och mat fënnef Doudesaffer gouf et den 28. August 1970, dat op der Streck tëscht Bruch a Sëll. Hei war géint 20.15 Auer en Auto mat belschen Immatrikulatiounsplacken an enger laanger Rietskéier vun der Strooss ofkomm an ass frontal an e Bam gerannt. Fir déi fënnef Persounen am Auto sollt all Hëllef ze spéit kommen. Et huet sech heibäi ëm fënnef Männer aus der selwechter portugisescher Famill gehandelt, dat am Alter tëscht 23 an 49 Joer. Si goufen alleguerten zu Sëll begruewen.

RTL

5 Portugiesen durch tragischen Verkehrsunfall bei Saeul ums Leben gekommen. / © Image by  Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 242/243 (01.09.1970)

Maartel – Roumecht (1967)

An den Annale vun den déidlechsten Accidenter bleift den Accident vu Maartel-Roumecht, deen e Méindeg, den 21. August 1967 un der belsch-lëtzebuergescher Grenz geschitt ass, bei wäitem dee schlëmmsten.

E Camionschauffer, dee Flësseggas transportéiert huet, hat d’Kontroll iwwert säi Camion verluer. D'Camion-Citerne ass op der Sauerbréck explodéiert an huet Haiser op béide Säite vun der Strooss zerstéiert.

Et ass den Autosaccident mat de meeschten Doudesaffer, dee jee am Land oder un der Grenz registréiert gouf: 22 Doudeger a 47 Blesséierter.

22 Doudeger bei Camionsexplosioun zu Maartel - Roumecht den 21. August 1967
E Camion mat Flësseggas war hei accidentéiert an ass dunn explodéiert.