Optimistesch Gewerkschaften, verzweiwelt Patronat an e Premier am Eck

© Domingos Oliveira (Archiv)
D’Regierung empfänkt e Mëttwoch de Moien um 10 Auer d’Gewerkschaften an d’Patronat fir eng drëtt Sozialronn am Staatsministère.
Et geet ëm d’Sonndesaarbecht, d’Ouvertureszäiten am Commerce an net manner ewéi d’Zukunft vum Pensiounssystem.
Dem Premier Luc Frieden säin Äifer a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee gouf staark gebremst: duerch d’grouss Maniff vun OGBL an LCGB vum 28. Juni, mee och Drock vum Koalitiounspartner, der DP, an aus den eegene Reie vun der CSV. No der éischter Sozialronn vum 9. Juli ware seng Pläng, fir d’Roll vun de Gewerkschafte bei de Kollektivverträg ze verwässere vum Dësch. No der zweeter Sozialronn de 14. Juli waren et och am Rentendossier aner Virstellungen ewéi déi vum Luc Frieden.
D’Cotisatioune solle vu 24% op 25,5% eropgeoen, fir méi Suen eranzespullen - eng Mesure, déi de Premier an d’Patronat virun der Maniff net wollten. D’Liewensaarbechtszäit géing och net ëm esou vill verlängert ginn, ewéi de Luc Frieden et wollt.
Hei sinn d’Pisten no der 2. Sozialronn.
Eng Reformette
D’Generalinspektioun vun der Sécurité sociale gouf beoptraagt, iwwert de Summer Berechnunge fir déi verschidden Optiounen ze maachen. Wat scho kloer ass, ass, datt esouguer de stäerkste Cocktail u Pisten, de finanzielle Problem vum Pensiounssystem just puer Joer no hanne verréckelt, huet den LCGB-President Patrick Dury e Méindeg bei eis op der Antenn zouginn.
Klenge Rappell: d’Depense vum Rentesystem wäerten d’nächst Joer iwwert de Recette leien a wann näischt ännert, wier d’Rentereserve am Joer 2044 opgebraucht.
De President vun der Union des entreprises Michel Reckinger huet et Enn Juli bei eis op RTL dann awer nach emol probéiert an ënnert anerem gefuerdert, datt d’Reform vun 2012 bäibehale gëtt. Déi gesäit vir, datt d’Allocation de fin d’année net méi ausbezuelt gëtt, wann de System am Desequiliber ass an de Reajustement "moderéiert" gëtt (dat ass eng Upassung un d’Lounentwécklung, déi een nieft dem Index kritt).
No de Sozialronnen
D’Positiounen tëscht de Sozialpartner bleiwe wäit auserneen. De Premier sot d’lescht Woch, et misst ee jo och net mat jidderengem op all Punkt sech eens sinn. Ob et aner, nei oder kreativ Piste ginn, ass net gewosst. Och net, ob et um Enn e schrëftlechen Accord gëtt oder net. D’Gewerkschafte sinn optimistesch. D’Patronat wierkt verzweiwelt. An dem Premier säi politeschen Handlungsspillraum ass limitéiert.
Et kéint dorobber erauslafen, datt d’Regierung mat Pisten an d’Chamber geet, wou dann den éischte Pouvoir muss Faarf bekennen.
Déi Gréng hunn en Dënschdeg och scho gefrot, datt de Premier an déi zoustänneg Chamberkommissiounen kënnt fir d’Deputéiert iwwert d’Sozialronn z’informéieren.
Wat bei der drëtter Sozialronn erauskënnt, gitt Dir natierlech schonn am Laf vum Dag gewuer. No der Reunioun am Staatsministère ass eng Pressekonferenz virgesinn. En Donneschdeg ass de President vun der Union des entreprises Michel Reckinger eisen Invité vun der Redaktioun.