Eng nei Lëtzebuergesch ASBL bitt Déieren en Doheem, fir de Rescht vun hirem Liewen.

Dëst gëllt fir Déieren, déi schlecht behandelt gi sinn, déi geschluecht solle ginn, déi ausgesat gi sinn, déi al oder krank sinn. Dës Lëtzebuergesch Associatioun ass de 16. Mäerz 2020 gegrënnt ginn. Den Haff an d’Terraine sinn hei vir a Frankräich. Leider hu si hei zu Lëtzebuerg keen Terrain fonnt, fir dëse Projet ze realiséieren, esou d’Grënnerin Valérie Tonon. Et bedréckt si, datt d’Leit Déiere quälen oder aussetzen. Si huet e grousst Häerz fir Déieren a wéinst all deem engagéiert si sech ganz vill fir si. Ee vun de Grënn, firwat d'Déieren net weider vermëttelt ginn, kënnt ënner anerem duerch hir Angscht, si géingen a falsch Hänn geroden. Déieren, déi bei Hope4Paws opgeholl ginn, bleiwen de Rescht vun hirem Liewen bei hinnen.
Dëst gëllt natierlech fir d’Päerd, d’Kazen, d’Hënn, Deckelsmouken oder d'Kallef, déi si den Ament hunn. Déi neiste Bewunner vum Gnodenhaff, déi dobäi komm sinn, sinn zwee Ieselen: de Géronimo an de Lancelot. Eigentlech hate si een Iesel vun engem franséischen Händler ofkaaft. Wéi dunn awer de Camion bei hinnen u komm ass, war och nach ee Bëbee-Iesel dobäi. Déi Persoun, déi zougesat hat, fir deen z’adoptéieren, war erëm ofgesprongen. E sollt erëm zréck bei den Händler bruecht gi mat dem Zil, fir en duerno un e Schluechthaus ze verkafen. D’Valérie Tonon huet et awer net iwwer d’Häerz bruecht, fir dat zouzeloossen. Dunn huet si eben 2 Ieselen opgeholl.

Si trainéiert och vill mat den Déieren. Domadder wëll si beweisen, datt ee mat engem Déier aus dem Déiereschutz genau esou vill ënnerhuele kann, wéi mat engem Déier vun engem Ziichter. Dëst Joer waren zwee Iesele vum Gnodenhaff mam Kleeschen am Duerf ënnerwee. Et sinn och schonn Eltere mat hire Kanner d’Ieselen an d’Päerd vu méi no kucke komm.

Déi nach jonk ASBL huet bis elo zwee Haaptmemberen, d’Valérie Tonon an hire Frënd. Hire Brudder an hir Mamm sprangen an, wann Hëllef gebraucht gëtt. Den Ament gëtt Hope4Paws haaptsächlech vun Eegekapital finanzéiert. D’Käschte vun esou engem Gnodenhaff sinn héisch. Si kommen duerch d’Fraise vum Veterinär, vum Fudder, vum Hee, vum Stréi, vum Waasser a vum Loyer. Zousätzlech Käschten entstinn bei enger Rettung vun engem Déier: do muss zum Beispill den Händler bezuelt ginn. Wann Déieren net wäit ewech vum Haff stinn, da ginn d’Membere se selwer sichen. Am anere Fall musse si séier een Transport organiséieren a bezuelen. Dacks hu si net vill Zäit, Déier ze retten. Heiansdo hate si Chance an hunn Hëllef kritt vu Leit, déi do op der Plaz wunnen. Déi hunn d'Déier da provisoresch bei sech opgeholl. Iwwert de Wee vun de soziale Medien respektiv aneren Associatioune kritt Hope4Paws d’Informatioun, wann en Déier an Nout ass. Esou si si dann och gewuer ginn, datt eng aner Associatioun vun engem Händler eng Woch Zäit kritt hat, de Ferdinand, e Kallef, ze retten.

All Déiere sinn um "Gnadenhaff" wëllkomm: d’Valérie Tonon wëll just genuch iwwer se wëssen, fir alles richteg ze maachen.