
Fir him awer nees e Gefill vu Fräiheet a méi Mobilitéit zeréck ze ginn, huet sech den Orthopedie-Techniker Ulrich Schade eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Mat Hëllef vun engem Rullbriet wollt hien déi 24 Joer al Deckelsmouk nees mobil maachen.
Ob dat him gelongen ass? Wéi et aus der »Zoom-Erlebniswelt« an Nordrhein-Westfalen heescht, wier d’Déierche scho fläisseg um krabbelen.
Op Facebook huet den Déierepark Fotoe vum Patient a senger Géihëllef verëffentlecht. Ënnert dem Briet, dat mat zwee Gurter um Déier befestegt gouf, goufe 4 Rieder ugeschrauft, fir d’Schëllergelenker z’entlaaschten.
Elo flitzt d’Deckelsmouk nees monter duerch säin Doheem. A wie weess... vläicht kritt den Helmuth jo eng eege Fan-Communautéit am Gelsenkirchener Zoo.